Ernärung am SportNahrungsergänzungsmëttel: Wéi eng Leefer huele wéi eng Produiten?

Tom Hoffmann
Am Kader vum ING Marathon huet den Fuerschungsinstitut an der Sportsmedezin - LIROMS - eng Ëmfro iwwert Nahrungsergänzungsmëttel a Sportprodukter bei de Leefer déi um Marathon matgemaach hunn, lancéiert. Ënnert dem Strech hunn bei dëser Studien 1.800 Leit matgemach. Aktuell sinn Donnéeën amgaangen ausgewäert ze ginn an dowéinst hunn mir nogefrot, wat sech aus den éischte Resultater schonn erausliese léisst.
Nahrungsergänzungsmëttel: Wéi eng Leefer huele wéi eng Produiten?
Am Kader vum ING Marathon gouf eng Ëmfro iwwert Nahrungsergänzungsmëttel a Sportprodukter bei de Leefer lancéiert.

Firwat gräife Leefer op Nahrungsergänzungsmëttel zeréck? Wou kafen si dës Produiten? Goufen déi vun engem Dokter recommandéiert oder kafen si déi op eegen Initiativ? Genee dëse Froe geet den LIROMS aktuell no well d’Preparatioun op en Hallefmarathon oder Marathon sech net improviséiere léisst.

D’Camille Tooth, Head of Sport Medicine and Science vum LIROMS: “Eng gutt Ernärung ass nieft dem Training e wichtege Bestanddeel vun der Leeschtung. Dofir hu mir eis d'Fro gestallt, wat d'Leit eigentlech konsuméieren, sief et am Alldag oder a Form vun Nahrungsergänzungsmëttel. Gläichzäiteg wësse mir, datt vill Leefer virun enger Course mat klenge Blessuren oder Péng ze kämpfen hunn. Do stellt sech d'Fro, ob si Medikamenter huelen, ob dës verschriwwe goufen oder net. Genee dësen Aspekter wollte mir analyséieren an eis mat dëser Thematik auserneesetzen.”

D’Zil vun der Etude ass et och erauszefannen, no wéi enge Krittären d’Participanten hir Nahrungsergänzungsmëttel auswielen.

D’Myriam Jacobs, Ernärungsberoderin vum LIHPS: “An och wéi eng Facteure wéi zu Beispill d'sozial Medien se beaflossen, den Entourage, d'Traineren, d'Kolleegen eventuell, dass een da geziilt kann usetze fir ze sensibiliséieren."

Wann Nahrungsergänzungsmëttel geholl ginn, soll een op verschidde Qualitéitslabelen oppassen. Ee Beispill ass de Logo vun der “Kölner Liste" (https://www.koelnerliste.com/) déi als wichteg Orientéierungshëllef am Sport gëllt. Op dëser Lëscht stinn Nahrungsergänzungsmëttel a Sportproduiten, déi op méiglech dopingrelevant Substanze gepréift goufen an domat e reduzéierte Risiko fir eng ongewollt Dopingkontaminatioun bidden.

“An domat huet een alt eng Gewësse Sécherheet, wat de Contenu an d' Qualitéit vum Produit ugeet, dass eebe keng Substanzen dra sinn, déi vun der Wada verbuede sinn, dat gëtt engem ni eng honnertprozenteg Sécherheet an et heescht nach ëmmer net, dass et fir jiddweree gutt ass och dee Produit ze benotzen an et muss een och nach ëmmer sech sech gutt berode loosse fir den Dosage an d'Heefegkeet vun deene Produkter.” esou Myriam Jacobs weider.

Den Human Motion Lab beschränkt een sech awer net nëmmen op dës Etude. Do ginn och kierperlech Analysen a Tester bei Leefer duerchgefouert. Dat geschitt allerdéngs just op Ordonnance vun engem Dokter.

D’Jennifer Fayad, Head of Clinical Orthopedics vum LIROMS: “Den Human Motion Lab bitt hei biomechanesch Analyse fir Leeferinnen a Leefer un, déi Péng oder Blessuren hunn, déi mam Lafen zesummenhänken. Mat Hëllef vun enger cinematografescher a kineetescher Analysen ënnersiche mir d'Beweegungen, d'Gelenker, méiglech Asymmetrien, souwéi d'Belaaschtungen, déi beim Lafen optrieden. Op där Basis gëtt e Rapport erstallt a weidergeleet, fir Dokteren a Kinéen dobäi ze hëllefen, d'Behandlung besser auszeriichten an de Retour zum Lafsport optimal ze begleeden.”

Fir de Sondage goufe keng perséinlech Donnéeën gesammelt. Erfaasst gouf just, wéi eng Nahrungsergänzungsmëttel d’Leefer an de 48 Stonne virum Marathon an an de 48 Stonnen dono geholl hunn.

D’Myriam Jacobs: “Wéi een et e bëssen erwaarde konnt bei deene laangen Distanzen, Semi -Marathon, Marathon, eeben d’Gedrénks, wat oft op de Recovery Stations ugebuede gëtt, awer och Gedrénks, wat d'Leit dobäi hunn, isotonesch Saachen, Gellen, eventuell Koffeinspëllen, well et en Nuetsmarathon ass, dat si e bëssen déi typesch Saachen, déi een do rëm fënnt.”

Besonnesch zefridde sinn d’Responsabel vum LIROMS och iwwer Zesummenaarbecht mat den Organisateure vum Marathon, déi de Projet direkt ënnerstëtzt hunn.

“Si sinn immens frou, dass dat op hirem Event konnt gemaach ginn. A si sinn och ganz gespaant iwwert d' Resultater, wou se och scho gesot hunn, dass se déi wäerte weider, weiderginn. A mir si frou fir dee Support, dee mer kritt hunn, well et weess ee jo och ni, wat bei esou Resultater ka rauskommen, ob dat elo vläicht en anert Bild op eemol opkomme léisst. Mee op alle Fall hunn si sech wierklech investéiert, fir mat eis déi Recherche duerchzeféieren.” huet Myriam Jacobs preziséiert.

Änlech Studie goufe schonn am Ausland duerchgefouert. Elo ass ee gespaant op d’Resultater, déi Enn Juli virgestallt solle ginn. Besonnesch interessant wäert sinn, ob sech déi international Tendenze confirméieren oder ob et Ënnerscheeder gi well et sech hei ëm e Marathon handelt, deen nuets gelaf gëtt.

Back to Top
CIM LOGO