E Portrait vum Laurent JansDe Wiessel vun der Belsch an Holland, dat no enger komplizéierter Saison

RTL Lëtzebuerg
Den Ex-Spiller vun der Fola wëll sech sou séier wéi méiglech a sengem Veräin aliewen an nees de Spaass um Futtball erëm fannen.
E Portrait vum Laurent Jans
Den Ex-Spiller vun der Fola wëll sech sou séier wéi méiglech a sengem Veräin aliewen an nees de Spaass um Futtball erëmfannen.

No enger komplizéierter Saison mat begrenzter Spillpraxis wiesselt de Laurent Jans vun der Belsch an Holland. Dobäi ass d’Eredivisie ee Championnat, deen de Kapitän vun der Nationalekipp besonnesch reizt.

Laurent Jans bei Sparta Rotterdam/Reportage Franky Hippert

„Engersäits natierlech een néie Championnat, dat ass een Ureiz. Déi hollännesch Liga mat Géigner wéi Ajax Amsterdam, PSV Eindhoven oder och Feyennoord Rotterdam si schéi Matcher, déi op mech duer kommen. Anersäits huet mech immens impressionéiert, dass de Veräin sech richteg ëm mech beméit huet. Si sinn déi ganzen Zäit dru bliwwen a wollte mech onbedéngt hunn. Dat ass eppes, wat fir mech immens wichteg war.“

Ufanks wollt de Standard vu Léck net mat him verlängeren. Kuerz virun Enn vun der Saison huet sech dat awer geännert. Allerdéngs war dat fir de Laurent Jans keng Optioun.

„Déi lescht Wochen ass den Trainer op mech duer komm, datt e mat mir verlängere wollt. Hien wollt mech trotzdeem halen an huet mer gesot, dass hien ee Spiller wéi mech gären an der Ekipp wéilt hunn fir d’nächst Saison. Dat war dann och, géing ech soen, de Grond firwat ech an der Lescht e puer Matcher krut. Deen Moment hat ech scho fir mech am Kapp decidéiert, dass et fir mech keng Optioun wier ze bleiwen.“

Den Ex-Spiller vun der Fola well sech sou séier wéi méiglech a sengem Veräin aliewen, sech an der 11 de Base etabléieren an de Spaass um Futtball erëm fannen. Och déi sportlech Ziler si fir hien an seng néi Ekipp kloer definéiert.

„Als Ekipp ass d’Zil ganz kloer de Klassenerhalt. Dat eben sou schnell wéi méiglech kloer ze maachen. An alles wat duerno kënnt, gëtt da gekuckt, mee fir d’éischt mol d’Klass halen.“

No Waasland Beveren, dem FC Metz, SC Paderborn an dem Standard vu Léck ass et dem Laurent Jans seng 5. Profistatioun. Do trëfft hien op een ale Bekannten aus der Nationalekipp. Beim Club aus der Eredivisie spillt hie vu lo un, genau sou wéi och an der Nationalequipe mam Mica Pinto zesummen.

„Jo ech freeë mech mega. Mir schwätze schonn zanter dräi Méint driwwer. Ech si mega frou fir de Laurent an ech weess, dass hien eis enorm ka weider hëllefen. Aus dem Grond sinn ech och frou fir de Club.“

Als éischt sti lo mol vir de Laurent Jans a de Mica Pinto, zwee Frëndschaftslännermatcher mat der FLF-Formatioun um Programm. Lass geet et en Mëttwoch zu Malaga mat der Partie géint Norwegen an en Sonnde kënnt da Schottland op Lëtzebuerg. Bei dësem Match sinn 1.000 Spectateuren erlaabt. Béid Partië kënnt Dir awer och wéi gewinnt op RTL Zwee suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO