
Wéi d’FLF e Freideg schonn ugekënnegt huet, si Schnelltester vun elo un obligatoresch an net méi fräiwëlleg. D’Veräiner aus der héchster Divisioun vun den Hären an den Damme kruten e Schreiwes vun der Futtballfederatioun, fir Schnelltester e Mëttwoch den Owend a fir de Weekend ze organiséieren. Dat huet eis den FLF-President Paul Philipp op Nofro hi confirméiert. D’Veräiner mussen dës Ännerung awer nach schrëftlech confirméieren.
Den FLF-President huet betount, dass bei engem Match tëschent 50-60 Leit (Spiller, Staff an Arbitteren) musse getest ginn.
E Mëttwoch den Owend spillt bei den Hären Hamm géint Diddeleng an Nidderkuer géint de Racing. Bei den Damme steet Izeg/Zebra géint Ell um Programm.