Futsal-Champions-LeagueDéifferdeng gewënnt a kënnt op déi 2. Plaz an der Tabell

RTL Lëtzebuerg
Déifferdeng klasséiert sech no zwee gewonnenen Matcher an 1 Néierlag mat 6 Punkten op der 2. Plaz, verpasst domat awer de Sprong an d'Eliteronn.
© FC Differdange 03 Futsal (Facebook)

Am Futsal stoung fir Déifferdeng um Samschdeg deen drëtten a leschte Match am Grupp 8 um RDV. D’Lëtzebuerger kruten et an der Slowakei mat Lucenec ze dinn. Dobäi war et kloer dass de FCD03 huet op d’Victoire misse spillen, fir d’Chance oprecht ze erhale fir et an d’Eliteronn ze paken.

An esou war et dann och effektiv d’Gäscht vun Déifferdeng déi an der 18. Minutt duerch e Gol vum Martinez a Féierung gaange sinn. Mam 1:0 sollt et dann och an d’Kabinne goen. Nom Säitewiessel huet Déifferdeng duerch de Garrido de Score op 2:0 eropgeschrauft. Et sollt dann och den Garrido sinn deen duerch e Selbstgol Lucenec nees zeréck an de Match bruecht huet. Déifferdeng sollt trotz allem näischt méi ubrenne loossen, an huet mam Martinez sengem zweete Gol fir den 3:1, wat och d’Schlussresultat sollt sinn, gesuergt. Domat steet et an der Tabell mat 6 Punkten op der 2. Plaz.

Chrudim huet um spéiden Owend mat 3:0 géint Shkupi gewonnen a steet no 3. Spilldeeg op der 1. Plaz an der Tabell, virum FCD03. Déifferdeng klasséiert sech no zwee gewonnenen Matcher an 1 Néierlag mat 6 Punkten op der 2. Plaz, verpasst domat awer de Sprong an d’Eliteronn. Eng zweete Plaz geet nämlech net duer fir an de nächsten Tour ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO