
D’Spiller an déi Responsabel vum Lëtzebuerger Futsal-Champion hunn an de leschten 3 Woche keng Käschten a keng Méi gescheit, fir sech optimal op dee grousse Rendez-vous ze preparéieren.
Genee wéi am Tour virdrun, an deem et eng Victoire géint den englesche Champion Helvecia London gouf, konnt den FC Déifferdeng 03, duerch d’Covid-Mesuren hei am Land, net hei zu Lëtzebuerg trainéieren, esou de Felipe Costa, Teammanager vun der Futsal-Ekipp: “Et war net evident. Mir hunn nach probéiert “Ausnamslos” ze kréinen, et war awer net méiglech. Et ass awer en Champions-League-Match. Mir ginn och déi ganzen Zäit getest. Mir sinn dunn a Portugal gaangen. Mir wollten nees a Frankräich goen, mä do waren awer Leit, déi protestéiert hunn, well mir als Lëtzebuerger Veräin dohin trainéiere gaange sinn.”
Aus der Nout hunn déi Responsabel vun der Futsal-Ekipp dunn eng Dugend gemaach: “Mir sinn dunn 3 Wochen a Portugal gaangen. Dat huet eis erméiglecht, méi intensiv ze trainéieren.”
De Felipe Costa weess, datt et géint Chrudim net einfach gëtt, onméiglech ass et awer och net, fir en Tour weider ze kommen: “Et ass méi realistesch, wéi géint Barcelona oder Benfica. Chrudium ass awer net z’ënnerschätzen. Eis Chancë sti bei 40 Prozent, ech gleewen un eis Ekipp.”
Fir déi 3 Woche Stage a Portugal hat d’Futsal-Ekipp vum FC Déifferdeng 03 elo ronn 20.000 Euro virgesinn, de Vol op Prag huet nach eng Kéier méi wéi d’Hallschent kascht. De Felipe Costa a seng Ekipp hunn alles dru gesat, datt d’Preparatioun esou professionell wéi méiglech war, fir datt ee sech duerno keng Reprochë brauch ze maachen, datt een net alles probéiert hätt, fir an déi nächst Ronn ze kommen.