Et hat ee sech am Virfeld mat Sécherheet méi erwaart vum Match Déifferdeng géint den F91. Béid Ekippe si guer net an de Match komm an et huet laang gedauert, bis déi éischt geféierlech Aktioune konnten notéiert ginn. Am 2. Duerchgang war Diddeleng méi aktiv, de Lucky Punch sollt awer Déifferdeng an der Nospillzäit duerch de Buch (90+1') geléngen, sou dass den FCD03 déi Diddelenger mat 1:0 klappt.
Den Tabellenéischte Fola huet sech an deenen éischte 45 Minutte schwéier gedoe géint eng aktiv Munnerefer Ekipp. No der Féierung vum Heintz (16') ass der Escher Fola nach virun der Hallschent den Ausgläich gelongen (Diallo, 39'). An der 93. Minutt huet den Diallo dann tatsächlech nach den 2:1 fir d’Fola geschoss. Domadder steet d’Fola weiderhin un der Spëtzt vun der Tabell. Et sief ze bemierken, dass souwuel den Escher Trainer Grandjean wéi och säi Co-Trainer an der Schlussphas mat Rout vum Terrain gesat gi sinn.
D’Jeunesse klappt Stroossen mat 3:0.
Stroossen war iwwert déi ganz éischt Hallschent déi besser Ekipp an hat och duerch de Lopes a Hayasaka ganz gutt Golchancen. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet den Ouwo Moussa awer d’Féierung fir d’Jeunesse markéiert. Kuerz no der Paus huet de Stiermer nogeluecht (48') an de Match esou fréizäiteg entscheet. Fir de Schlusspunkt huet de Xenitidis (88') gesuergt.
De Swift huet iwwerdeems de Grondstee fir déi 3 Punkte schonn am 1. Duerchgang geluecht. No Goler vum Perez (11'), Abdallah (13') an engem Dram-Schoss vum Mélisse (29') stoung et no 45. Minutten 3:0 fir d’Gäscht. Rouspert huet sech wuel net opginn, mee bei Hesper ass einfach alles gelongen, sou dass de Swift verdéngt mat 4:0 géint Rouspert konnt wannen.
Péiteng war an der Ufanksphas wuel déi besser Ekipp, de Gol sollt awer den Duracak (24') fir Hueschtert schéissen. Péiteng huet spilleresch iwwerzeegt, d’Effizienz virum Gol huet awer gefeelt. Kuerz viru Schluss huet den Ayari (86') den Deckel drop gemaach. Hueschtert klappt Péiteng mat 2:0.
De Progrès konnt sech no 90. Minutte mat 1:0 (Hend, 77') zu Ettelbréck géint d’Etzella behaapten.
Laang huet dono ausgesinn, wéi wann den FC Rodange sech no engem Gol vum Ndiaye (60') iwwer 3 Punkte géint den RM Hamm Benfica kéint freeën. An der Schlussphas huet Hamm du mam Deruffe (90+1'9 a mam Bei (90+3') zwee Mol äiskal zougeschloen, sou dass Benfica nach mat 2:1 gewënnt.
Am Match Racing géint Wolz sollt sech um Mëttwoch den Owend duerch e Gol an der 89. Minutt vum Simon de Stater Racing mat 1:0 behaapten.
De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.