FechtenDem Flavio Gianotte säin Zil sinn d'Olympesch Spiller zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
De Flavio Gianotte ass ëmmer op der Sich no neien Iddie fir säin Training ze optimiséieren.
Dem Flavio Gianotte säin Ziel sinn d'Olympesch Spiller zu Paräis
De Flavio Gianotte ass ëmmer op der Sich no neien Iddie fir säin Training ze optimiséieren.

De Flavio Gianotte trainéiert doheem am Gaart mat engem selwer fabrizéierten Degenarm. Fir zu Lëtzebuerg d’Fechten als Héichleeschtungssport kënnen ze praktizéieren, dozou gehéiert vill Kreativitéit an Initiativgeescht.

Fir besser Trainingskonditiounen ze hunn, ass eng Zesummenaarbecht mam franséische Club vun Diddenuewen an dem Escher Veräin entstanen. De Grupp trainéiert eemol an der Woch zu Esch an eemol zu Thionville.

Wärend de Schoulvakanze fiert de Flavio Gianotte meeschtens op Turin, net nëmme fir seng Famill ze besichen, mä och fir do mat de Weltbeschte Fechter ze trainéieren.

Den talentéierten Degefechter huet d’Olympesch Spiller vu Paräis am Viséier. Dohier heescht et un esou vill wéi méiglech Turnéieren deelzehuelen, fir Qualifikatiounspunkten ze sammelen. Déi rezent 16. Plaz op der Weltmeeschterschaft, huet dem 28-Järege säi Selbstvertraue gestäerkt.

Fir de Beruff als Sportsproff an de Kompetitiounssport ënnert een Hutt ze kréien, ass net esou einfach. Wäit Reesen si nämlech néideg a gläichbedeitend problematesch.

Back to Top
CIM LOGO