E Liewen am Schied, dat wollt de fréiere Profisportler net méi. Vill ze laang huet de mëttlerweil 34 Joer ale Mann sech verstoppt, hannert enger Mask, hannert enger Persoun, déi hien net war.
Homosexuell sinn a Futtball spillen, dat ass leider haut nach an de Käpp vu ville Leit net méiglech. Hien huet 6 Joer laang am Centre de Formation vun Toulouse FC gespillt, war als Nationalspiller fir Tunesien am Asaz an huet zum Schluss vu senger Karriär an Amerika Futtball gespillt.
Ma iergendwa gouf him dat ze vill an hien huet dem Profisport de Réck gedréint an eréischt duerno huet hie seng Stëmm fonnt, fir d’Wourecht op Pabeier ze bréngen, fir sech anzesetze géint Homophobie a fir deen ze sinn, deen hie wierklech ass. Dobäi huet hien net nëmme misse mat Reaktiounen aus der Sportswelt rechnen, mä och vu senger Famill. Mëttlerweil hätt hien awer en immens enkt Verhältnis mat senger Mamm a wier frou, dass si hien esou akzeptéiert, wéi hien ass.
Hie wëll awer och, dass d’Leit wëssen, dass et Homophobie net nëmmen am Futtball gëtt, mä a ville gesellschaftleche Schichten a Klassen, an déi gëllt et opzeklären, fir hinnen ze weisen, dass si och nëmmen e Mënsch sinn, wéi all anerer och.