
En Dënschdeg den Owend ass an der englescher Premier League an an der spuenescher La Liga de Ball gerullt.
Brighton - Arsenal 0:1
0:1 Lacazette (66')
Nom Befreiungsschlag am Derby géint Chelsea ass Arsenal déi nächst Victoire gelongen. Mat engem 1:0 zu Brighton hu sech d’Gunners fir de Moment am Mëttelfeld festgesat. Den decisive Gol huet de Lacazette an der 66. Minutt geschoss. De Fransous war nëmme 35 Sekonne virdrun op den Terrain komm.
Manchester United - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 Rashford (90+3')
Manchester United huet sech fir de Kont vum 16. Spilldag mat 1:0 géint d’Wolverhampton Wanderers behaapt. Den decisive Gol huet de Rashford an der 3. Minutt vun der Nospillzäit markéiert. D’Gäscht hunn déi 90 Minutten iwwer eng ganz staark defensiv Leeschtung gewisen, ma stinn um Enn awer ouni Punkten do. D’Red Devils sinn domadder an der Premier League zanter 9 Matcher ongeschloen a stinn elo op der 2. Plaz an der Tabell mat nëmme méi 2 Punkte Retard op de Leader Liverpool.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Barcelona - Eibar 1:1
0:1 Garcia (57'), 1:1 Dembelé (67')
Esou huet sech den FC Barcelona den Ofschloss vum Joer sécher net virgestallt. En Dënschdeg huet ee sech ouni de Messi nämlech mat engem 1:1 géint Eibar missen zefridde ginn. Déi 90 Minutten iwwer huet sech d’Lokalekipp schwéier gedoen. An der éischter Hallschent hätt ee mat engem Eelefmeter kéinten a Féierung goen, ma de Braithwaite huet vum Punkt net getraff. Eibar huet gutt matgespillt a stoung defensiv géint d’Katalane sécher. Mat engem 0:0 ass et an d’Paus gaangen.
No engem schlëmmen Aussetzer an der 57. Minutt ass Barca engem 0:1-Réckstand nogelaf. An der 67. Minutt huet dunn den Joker Dembelé op 1:1 gesat an huet esou senger Ekipp wéinstens nach ee Punkt geséchert. Aktuell steet Barcelona nëmmen op der 6. Plaz an der Tabell.
Sevilla - Villarreal 2:0
1:0 Ocampos (8', Eelefmeter), 2:0 En-Nesyri (53')
An der Tabell vum spuenesche Championnat begéine sech Sevilla a Villarreal den Ament op Aenhéicht an esou gouf et kee klore Favorit en Dënschdeg den Owend an der Partie. D’Lokalekipp ass scho fréi duerch een Eelefmeter an der 8. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. An enger ausgeglachener Partie, an där béid Ekippen hir Chancen haten, huet Sevilla an der 53. Minutt seng Féierung duerch e Gol vum En-Nesyri op 2:0 ausgebaut. Villareal war um 16. Spilldag virum Gol net zwéngend genuch an esou gouf et no 90 Minutten eng 2:0-Victoire fir Sevilla. An der Tabell huet Sevilla elo 26 Punkten a steet op der 4. Plaz. Villarreal ass mat 26 Punkten awer zwee Matcher manner de 5..
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga