BGL LigueDen 1. Samschdeg am Februar geet et lass mat Fola-Rouspert a Racing-Jeunesse

Franky Hippert
An 10 Deeg ass et no der Covid-Paus d'Reprise an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtballchampionnat.

D’LFL, d’Lëtzebuerger Futtball Ligue huet elo de Spillprogramm fir de Mount Februar matgedeelt.

Um éischte Weekend wann et nees lass geet, sinn zwou Partië scho samschdes de 6. Februar an zwar Fola-Rouspert um 17 Auer a Racing-Jeunesse um 18 Auer.

Déi aner Matcher sinn all sonndes de 7. um 16 Auer.

Back to Top
CIM LOGO