
Zanter August an dem Final 8 (Eight) Tournoi zu Lissabon an der Champions League sinn déi meescht europäesch Topveräiner enger héijer Unzuel u Matcher ausgesat.
Wann een déi europäesch Topligen am Futtball den Ament kuckt, fält engem op, datt verschidde Veräiner dat besser kompenséiere wéi aner Clibb.
Zanter August gëtt trotz der Corona-Pandemie am internationale Futtball ee ganz serréierte Programme duerchgezunn. Fir déi europäesch Topclibb kënnt nach dobäi, datt och vill Spiller hu missten dotëscht fir hir jeeweileg Länner Nationalekipp spillen, den RTL-Expert Marc Oberweis gesäit et bedenklech.
Marc Oberweis:“Ech mengen, et dierf een net vergiessen, datt d’lescht Saison awer eng Ënnerbriechung war, déi ongewéinlech laang war an doduerch de Fitnesszoustand vun de Spiller och net optimal war, an dofir sinn elo déi vill Matcher, wou och Reesen a Mesurë verbonnen sinn, de Grond, wisou verschidden Ekippen, déi ee soss gewinnt ass, uewen ze gesinn, e bësse méi Problemer hunn.”
A Spuenien an Italien fält op, datt sech zum Beispill Barcelona an d’Juventus dës Saison e bësse méi schwéier dinn, fir am Championnat ganz uewen ze stoen. Woubäi et bei Barcelona fir de fréieren Nationalekipp-Golkipp eng logesch Konsequenz ass.
Marc Oberweis: “Fir mech ass Barcelona opgrond vun deene leschte Joren net méi onbedéngt eng Spëtzenekipp an Europa. Dat huet een net just gesinn, wéi se géint Bayern ënnergaangen sinn. Si hu wuel nach de Lionel Messi, mä och hien eleng bewierkt keng Wonner.”
Datt et awer trotz ville Matcher trotzdeem ka klappen, fir am eegene Championnat uewen ze stoen, weisen den Ament den FC Bayern an Däitschland a Liverpool an England, sou de Marc Oberweis.
Marc Oberweis:“Woubäi een och bei Bayern gesäit, datt d’Leeschtungen net méi sou gutt si wéi d’lescht Saison, mä si wannen hir Matcher awer. Dat läit deels drun, datt si eng Klass iwwert deenen anere spillen an Däitschland. Et ass souwuel vum Kader hier, wéi och vun der Struktur vum Veräin een aneren Niveau. Bei Liverpool ass et esou, datt si eng gutt Ekipp hunn, dat an engem gudden an enke Championnat. Mä do mierkt een, datt de Jürgen Klopp do eng ganz gutt Leeschtung bréngt an och de richtege Moment fënnt, fir der éischter Ekipp och heiansdo eng Paus ze ginn.”
A fir Liverpool geet et e Mëttwoch den Owend scho virun am Championnat mat der Auswäertspartie bei Newcastle.