Onheelbar KrankheetDen italienesche Futtballspiller Paolo Rossi ass dout

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 64 Joer ass de fréiere Weltmeeschter a Gewënner vum Ballon d'Or gestuerwen.

Dat huet déi italienesch Noriichtenagence “Ansa” gemellt. Si beruffe sech op Social-Media-Posts vum Rossi senger Fra Federica Cappelletti.

De Rossi huet Italien an der Finale géint Däitschland zum WM-Titel 1982 verhollef. En hat den 1:0 geschoss, de Match goung mat 3:1 un d’Italiener. E gouf dat Joer och zum beschte Futtballer vun Europa gewielt.

De Paolo Rossi, hei uewen am Bild, den zweete vu lénks.
De Paolo Rossi, hei uewen am Bild, den zweete vu lénks.

Back to Top
CIM LOGO