Virschau op d'Sportjoer 2026Den nationale Sportprogramm ass nees gutt gefëllt

Jeff Kettenmeyer
Lynn Kayser
2025 war ee Joer op RTL, wat och vum Sport dominéiert gouf. Kuerz nom Joreswiessel lount et sech, schonns ee Bléck no vir op déi nächst 12 Méint ze geheien.
© RTL-Grafik

De Jeff Kettenmeyer huet sech bei sengem Ausbléck op déi national Competitiounen hei am Land, déi deelweis och internationale Status hunn, konzentréiert.

De Januar ass schonns gutt gefëllt. Et muss een also net all ze laang waarden, fir nees nationale Sport op RTL kënnen ze kucken. De Weekend vum 10. an 11. Januar stinn am Basket d‘Halleffinalle vun der Coupe um Programm. Spéitstens da weess een, wien de 7. Februar an der Finall bei den Dammen an den Häre géintenee spillt. D’Finall ass also ee gudde Mount éischter wéi gewinnt.

An der Liichtathletik ass den 18. Januar den CMCM-Meeting mat nationalen an och internationale Staren, déi Ufank vum Joer hir fréi Form testen. Mir bleiwen an der Coque an dat zwou Woche méi spéit mam Euro Meet am Schwammen.

Och d’Matcher vu béide Futtball-Nationalekippen an der Nations League respektiv der WM-Qualifikatioun stinn un. D’FLF-Damme spillen den 3. Mäerz hiren éischte WM-Quali-Match an der Liga B heiheem géint Schottland. D’Hären dogéint kämpfen Enn Mäerz ëm de Maintien am Nations-League-Playoff géint Malta. Ufank Mäerz ass och d’Damme-Basket-Nationalekipp an der EM-Quali am Asaz. D’Häre spillen ënner anerem zweemol am Juli.

Am Handball ass den traditionelle Final 4 bei den Dammen an Häre vum 23. bis de 26. Abrëll.

Virschau op dat nationaalt Sportjoer 2026 / Jeff Kettenmeyer

Dat gréisste Sport-Event am Land ass fir de 16. Mee programméiert. Beim Nuetsmarathon an der Stad probéiere sech nees Dausende vu Leefer a Leeferinnen op den 21 oder souguer 42 Kilometer. Ee schwéieren, ma och wonnerschéine Parcours waart op d’Athleten. Ëm déi selwecht Zäit stinn d’Championnatsfinallen am Basket um Programm. Déi decisiv Matcher kënnt Dir nees op RTL kucken.

Enn Mee ass dann d’Coupe-Finall am nationale Futtball. Wéi déi lescht Jore gëtt dës nees am Stade de Luxembourg gespillt. Den Titelverdeedeger Déifferdeng probéiert op en Neits, den Titel mat Heem ze huelen. De Wee iwwer d’Aachtelsfinallen ass awer nach wäit. De leschte Spilldag am Championnat ass schonns fir déi Woch virdru geplangt, also den 23. Mee.

Am September kann een dann nees de Cyclissem hautno materliewen. D’Elite ass dem Vëlossport gëtt sech vum 16. bis den 20. September Rendez-vous fir de Skoda Tour de Luxembourg.

Am Oktober ass nees Dammen-Tennis an der Coque ugesot. Beim Ladies Masters trieden nees fréier Weltklass-Spillerinne géinteneen un.

Iwwersiicht vun den nationale Sport-Highlights 2026

Januar

Cyclocross: Nationaalt Championnat zu Dikrech (11.01)

Dëschtennis: Coupe Halleffinallen a Finall an der Coque (17.01. - 18.01.)

Liichtathletik: CMCM Indoor Meeting an der Coque (18.01.)

Schwammen: Euro Meet an der Coque (30.01. - 01.02.)

___

Februar

Basketball: Finall Coupe de Luxembourg a Coupe des Dames an der Coque (07.02.)

Tennis: Davis Cup, Lëtzebuerg-Ukrain an der Coque (07.02. - 08.02.)

Tennis: Servipay Open 2026 zu Esch (16.02. – 21.02.)

Tennis: FLT Junior Open zu Esch (23.02. – 28.02.)

Volleyball: Final4 an der Coupe (26.02. - 01.03.)

Basketball: Pre-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2029 Hären Nordmazedonien - Lëtzebuerg (27.02.)

___

Mäerz

Liichtathletik: Indoor-Championnat an der Coque (01.03.)

Basketball: Pre-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2029 Hären, Irland - Lëtzebuerg (02.03.)

Futtball: European Qualifiers fir d’WM 2027 Dammen, Lëtzebuerg - Schottland (03.03.)

Futtball: European Qualifiers fir d’WM 2027 Dammen, Schottland - Lëtzebuerg (07.03.)

Liichtathletik: Postlaf (08.03.)

Basketball: Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2027 Dammen, Lëtzebuerg-Irland (11.03.)

Basketball: Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2027 Dammen, Lëtzebuerg-Israel (14.03.)

Bouschéissen: Hale-Championnat zu Stroossen (15.03.)

Basketball: Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2027 Dammen, Bosnien/Herzegowina-Lëtzebuerg (17.03.)

Dëschtennis: Landesmeeschterschaften an der Coque (21.03 - 22.03)

Futtball: Nations League Playoffs Hären, Allersmatch Malta-Lëtzebuerg (26.03.)

Futtball: Nations League Playoffs Hären, Retourmatch Lëtzebuerg-Malta (31.03.)

___

Abrëll

Turnen: Konschtturnen Luxembourg Open um Belair (02.-03.04)

Automobilsport: Biergcourse zu Luerenzweiler (06.04.)

Volleyball: Start Finallserie MixVoip League (Best-of-Three) Dammen an Hären (11.04. - 12.04. bis maximal 25.04 - 26.04)

Futtball: European Qualifiers fir d’WM 2027 Dammen, Israel-Lëtzebuerg (14.04.)

Rugby: Europe Conference Hären, Lëtzebuerg-Lettland (18.04.)

Futtball: European Qualifiers fir d’WM 2027 Dammen, Lëtzebuerg-Israel (18.04.)

Liichtathletik: DKV Urban Trail (18.04. - 19.04.)

Handball: Final Four Coupe an der Coque (23.04 - 26.04.)

Basketball: Start Finallserie (Best-of-Five) LBBL Dammen (25.04 oder 05.05. bis maximal den 23.05 – 24.05.)

___

Mee

Basketball: Start Finallserie (Best-of-Five) LBBL Dammen (02.-03.05.)

Handball: Start Finallserie (Best-of-Three) AXA League Dammen (02.05.)

Dëschtennis: Start Finallserie (Best-of-Two) National TT League (03.05. a 17.05.)

Automobilsport: Biergcourse zu Eschduerf (03.05.)

Basketball: Start Finallserie (Best-of-Five) LBBL Hären (09.05. - 10.05. bis maximal 23.05 - 24.05.)

Rugby: Europe Conference Hären, Finnland-Lëtzebuerg (09.05.)

Liichtathletik: ING Nuetsmarathon (16.05.)

Handball: Leschte Spilldag Axa League (16.05. oder 23.05)

Futtball: Leschte Spilldag an der BGL Ligue (23.05.)

Futtball: Finall Coupe de Luxembourg Hären (28.05.)

___

Juni

Futtball: European Qualifiers fir d’WM 2027 Dammen, Belsch-Lëtzebuerg (05.06.)

Futtball: European Qualifiers fir d’WM 2027 Dammen, Lëtzebuerg-Belsch (09.06.)

Vëlossport: Nationaalt Stroossechampionnat (29.06.-12.07.)

___

Juli

Basketball: Pre-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2029 Hären Lëtzebuerg-Aserbaidjan (02.07.)

Basketball: Pre-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2029 Hären Lëtzebuerg-Nordmazedonien (05.07.)

Automobilsport: Rallye Lëtzebuerg (10.07. - 11.07.)

Triathlon: Ironman 70.3 zu Réimech (12.07.)

Liichtathletik: Nationaalt Championnat op der Piste (25.07. - 26.07.)

___

August

/

___

September

Liichtathletik: Escher Kulturlaf (05.09.)

Vëlossport: Skoda Tour de Luxembourg (16.09 - 20.09.)

Liichtathletik: Route de Vin (27.09.)

___

Oktober

Liichtathletik: Walfer Vollekslaf (04.10.)

Tennis: Luxembourg Ladies Tennis Masters (15.10. - 18.10)

___

November

Basketball: Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2027 Dammen, Lëtzebuerg-Israel (14.11.)

Liichtathletik: Nationaalt Championnat am Cross Country zu Diddeleng (29.11.)

___

Dezember

Sportspress.lu Awards Night (03.12)

___

Stand: 1. Januar 2026.

Den nationale Sport wäert live op RTL net ze kuerz kommen. Déi national Championnater am Futtball, Basketball, Handball a Volleyball kënnt Dir wéi gewinnt an der RTL Live Arena kucken.

Back to Top
CIM LOGO