
Hei fannt Dir den Iwwerbléck mat de wichtegsten Datumer vum nationale Sportjoer 2026.
U sech huet d’Joer 2026 aus sportlecher an internationaler Siicht genau sou ugefaangen, wéi et 2025 opgehalen huet. Nämlech mat der Darts-WM, déi bis den 3. Januar gaangen ass. Vun enger WM geet et dann eriwwer op eng EM. De 15. Januar fänkt d’Hären-Handball-Europameeschterschaft an Dänemark, Schweden an Norwegen un. Och den internationale Futtball kënnt dann rëm aus der Wanterpaus. An der UEFA Champions League stinn dann déi lescht zwee Spilldeeg an der Ligaphas um Programm.
Ufank Februar stinn zu Mailand an zu Cortina d’Ampezzo an Italien déi Olympesch Wanterspiller virun der Dier. Donieft ass dann och am American Football den 8. Februar de Super Bowl. Mam grousse Präis vun Australien zu Melbourne fänkt den 8. Mäerz déi nei Formel-1-Saison un. Alleguer d’Coursse kënnt Dir wéi gewinnt bei eis suivéieren.
Am Mee steet dann am Tennis Roland Garros um Programm. Ufank Juni fiert dann de Lëtzebuerger Chester Kieffer seng éischt Ronnen am Porsche Supercup, deen Dir och komplett bei eis kënnt kucken. Genau sou wéi den 30. Mee d’Finall vun der UEFA Champions League zu Budapest.
Vun engem grousse Futtball-Rendez-vous bei deen nächsten. Den 11. Juni fänkt d’FIFA-Futtball-Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko un. D’Tennis-Supporter gi gläichzäiteg zu Wimbledon mat héichklassegem Sport verwinnt.
De Summer steet bei eis op der Antenn ganz am Zeechen vum Tour de France. De 4. Juli start d’Grande-Boucle zu Barcelona a Spuenien. E weideren Highlight ass de Formel-1-Weekend ëm den 19. Juli zu Spa-Francorchamps an der Belsch.
Am September steet souwuel d’Liichtathletik-EM, d’Damme-Basket-WM an och d’Vëlos-Weltmeeschterschaft op der Strooss um Programm. Richtung Enn dës Jores kuckt dann no der Cyclocross-EM, sou lues awer sécher rëm déi ganz Sportswelt op d’Darts-WM am Ally Pally.
Schisprangen: Véierschanzentournée - 2. Sprangen zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland (01.01.)
Darts: Weltmeeschterschaft Finall zu London (bis den 03.01.)
Schisprangen: Véierschanzentournée - 3. Sprangen zu Innsbruck an Éisträich (04.01.)
Motorsport: Rallye Dakar a Saudi-Arabien (03.01. - 17.01.) Dëst Joer si mam Charles a Grégoire Munster och zwee Lëtzebuerger mat um Depart. De Charles Munster start als Pilot a säi Brudder de Grégoire Munster ass als Copilot mat vun der Partie.
Schisprangen: Véierschanzentournée - 4. Sprangen zu Bischofshofen an Éisträich (06.01.)
Tennis: Australian Open zu Melbourne an Australien (12.01. – 1.02.)
Handball: Europameeschterschaft vun den Hären an Dänemark, Schweden an Norwegen (15.01 - 01.02.)
Automobilsport: WRC Rallye: Start vun der neier Saison mat der Rallye Monte-Carlo (De Lëtzebuerger Grégoire Munster, dee kee Kotrakt méi bei M-Sport kritt huet, wäert op d’mannst emol bei der 1. Manche vun der Rallye-WM um Depart sinn) (22.01. - 25.01.)
Vëlossport*: Cyclocross-WM zu Hulst an Holland (30.01. - 01.02.)
___
Olympesch Wanterspiller an Italien (06.02 – 22.02.)
American Football: Super Bowl zu San Francisco an den USA (09.02.)
Vëlossport: Omloop Het Nieuwesblad (28.02.)
___
Motorsport: MotoGP**: Start vun der Saison mam Grousse Präis vun Thailand (01.03.)
Paralympesch Wanterspiller an Italien (06.03. – 15.03.)
Vëlossport: Strade Bianche (07.03.)
Automobilsport: Formel 1***: Start vun der neier Saison mam Grousse Präis vun Australien (08.03.)
Vëlossport: Paris-Nice (08.03. - 15.03.)
Vëlossport: Tirreno-Adriatico (09.03. - 15.03.)
Liichtathletik: Indoor-Weltmeeschterschaft zu Torun a Polen (20.03. - 22.03.)
Vëlossport: Mailand-Sanremo (21.03.)
Futtball: European Qualifiers Playoffs fir d’WM 2026 Hären, Halleffinallen (26.03.)
Vëlossport: E3 Saxo Classic (27.03.)
Vëlossport: Gent-Wevelgem (29.03.)
Futtball: European Qualifiers Playoffs fir d’WM 2026 Hären, Finallen (31.03.)
___
Vëlossport: A Travers la Flandre (01.04.)
Vëlossport: Tour des Flandres (04.04.)
Vëlossport: Paris-Roubaix (12.04.)
Basketball: Optakt vun den NBA-Playoffs (18.04.)
Vëlossport: Amstel Gold Race (19.04.)
Vëlossport: Flèche Wallonne (22.04.)
Vëlossport: Léck-Baaschtnech-Léck (25.04.)
Dëschtennis: Ekippe-Weltmeeschterschaft zu London an England (28.04. - 10.05.)
___
Vëlossport: Vuelta Feminina (04.05. - 10.05.)
Vëlossport: Giro d’Italia (08.05. - 31.05.)
Liichtathletik: Optakt vun der Diamond League zu Doha am Katar (08.05.)
Vëlossport: Flèche du Sud (13.05 - 17.06.)
Äishockey: Weltmeeschterschaft an der Schwäiz (15.05. - 31.05.)
Futtball: Finall Europa League zu Istanbul an der Tierkei (20.05.)
Karate: Europameeschterschaft zu Frankfurt an Däitschland (20.05. - 24.05.) Futtball: Finall Champions League vun den Dammen zu Oslo an Norwegen (23.05.)
Tennis: French Open zu Paräis (24.05. - 07.06.)
Futtball: Finall Conference League zu Leipzig an Däitschland (27.05)
Futtball: Finall Champions League*** zu Budapest an Ungarn (30.05.)
Vëlossport: Giro d’Italia Dammen (30.05. - 07.06.)
___
Basketball: Start NBA-Finals (04.06. bis maximal 21.06.)
Automobilsport: Start vun der neier Saison am Porsche Supercup (07.06.)
Vëlossport: Critérium du Dauphiné (07.06 – 14.06.)
Futtball: Weltmeeschterschaft Hären a Kanada, Mexiko an den USA (11.06. - 19.07.)
Triathlon: Europameeschterschaft zu Tarragona a Spuenien (13.06. - 14.06.)
Tennis: Wimbledon zu London (29.06. - 12.07.)
___
Vëlossport: Tour de France (04.07. - 26.07.)
Schwammen: Europameeschterschaft zu Paräis a Frankräich (31.07. - 16.08.)
___
Vëlossport: Tour de France Femmes (01.08. - 09.08.)
Liichtathletik: Europameeschterschaft zu Birmingham a Groussbritannien (10.08. - 16.08.)
Turnen: Europameeschterschaft zu Zagreb a Kroatien (13.08 - 23.08.)
Volleyball: Europameeschterschaft Dammen an der Tierkei, Tschechien, Aserbaidjan a Schweden (21.08. - 06.09.)
Vëlossport: Vuelta à Espana (22.08. - 13.09.) Tennis: US Open zu New York (24.08. - 13.09.)
Tennis: US Open zu New York an den USA (31.08.-13.09.)
___
Basketball: Weltmeeschterschaft Dammen an Däitschland (04.09. – 13.09.)
Liichtathletik: Ofschloss vun der Diamond League zu Bréissel an der Belsch (04.-05.09.)
Futtball: Champions League, Optakt vun der neier Saison (08.09.)
Volleyball : Europameeschterschaft Hären an Italien, Bulgarien, Rumänien, a Finnland (09.09. - 26.09.)
Vëlossport: Weltmeeschterschaft op der Strooss zu Montreal a Kanada (20.09. - 27.09.)
Futtball: Start vun der neier Nations-League-Saison Hären (24.09.)
___
Vëlossport: Europameeschterschaft op der Strooss a Slowenien (03.10 - 07.10)
Vëlossport: Paris-Tours (11.10.)
Dëschtennis: Europameeschterschaft zu Ljubljana a Slowenien (11.10. - 18.10.)
___
Tennis: WTA-Finals Zu Riyadh a Saudi-Arabien (07.11. - 14.11.)
Vëlossport: Cyclocross-Europameeschterschaft zu Middelkerke an der Belsch (08.11 – 09.11.)
Tennis: ATP-Finals zu Turin an Italien (15.11. - 22.11.)
Automobilsport: WRC Rally: Lescht Course vun der Saison Rally Saudi Arabia (11.11. - 14.11.)
Motorsport: MotoGP: Lescht Course vun der Saison Grand Prix vu Valencia (22.11.)
___
Handball: Europameeschterschaft vun den Dammen a Polen, Rumänien, Tschechien, Slowakei an Tierkei (03.12. - 20.12.)
Automobilsport: Formel 1: Lescht Course vun der Saison Grousse Präis vun Abu Dhabi (06.12.) Darts: Weltmeeschterschaft zu London (11.12.2026 - 03.01.2027)
Schisprangen: Start vun der Véierschanzentournée zu Oberstdorf (Enn Dezember)
Stand: 1. Januar 2026.
*Och dëst Joer ass RTL nees bei enger ganzer Partie Vëloscoursse live mat dobäi. Ënnert anerem bei de Klassiker a beim Tour de France.
** Déi komplett MotoGP-Saison kënnt Dir nees live op RTL Play an RTL Today suivéieren. ***Déi komplett Formel-1-Saison an och de Porsche Supercup kënnt Dir nees live op RTL ZWEE, op RTL.lu an op RTL Play suivéieren.
*** D’Champions League am Futtball gëtt och 2026 wéi gewinnt iwwerdroen.