FuttballDen Olivier Thill wiesselt bei Worskla Poltawa an d'Ukrain
Nodeems den Olivier Thill zanter Mëtt Oktober ouni Veräin war, ass et elo d'Annonce, dass hie bei Worskla Poltawa an der Ukrain ënnerschriwwen huet.
Virdrun huet de Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller bei FK Ufa a Russland gespillt. Dee Kontrakt gouf awer am Oktober am géigesäitegen Averständnis opgeléist, nodeems hien an deem Veräin keng Roll méi gespillt huet.