Internationale FuttballDFB-Pokal: Wolfsburg a Stuttgart weider, Union Berlin eraus

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goufen an Däitschland déi éischt Matcher vun de 16tels-Finalle vum DFP-Pokal gespillt.
© RONNY HARTMANN AFP

D’Matcher vun 18 Auer

VFL Wolfsburg - RB Leipzig 1:0
1:0 Cerny (14')

D’Haushäre ginn no engem staarken Ufank vun de Gäscht aus Leipzig fréi am Match a Féierung. Den Tomas spillt an der 14. Minutt e staarke Ball an de Laf vum Cerny, deen dem Lukeba fortleeft an den 1:0 markéiert. Den Cerny huet dann och an der 23. Minutt d’Chance, den 2:0 ze markéieren. No engem Feelpass vum Lukeba, bleift hien awer beim Versuch, de Gulasci ze iwwerdribbelen um Golkipp vu Leipzig hänken.

Bei de Leipziger klappt wéineg. Nodeems de Yussuf Poulsen an der 56. Minutt seng zweet Giel Kaart vum Owend gesäit, spillen d’Gäscht an Ënnerzuel a kënne kaum nach eppes ausriichten, sou dass Wolfsburg um Enn mat 1:0 wënnt an an déi nächst Ronn vun der däitscher Coupe anzitt.

VfB Stuttgart - Union Berlin 1:0
1:0 Undav (45')

Stuttgart setzt sech dann doheem mat 1:0 géint Union Berlin duerch. Den Deniz Undav schéisst kuerz virun der Halbzeit den entscheedende Gol vun der Partie.

FC St-Pauli - FC Schalke 04 2:1 no Verlängerung
0:1 Kaminski (16'), 1:1 Hartel (57') (Eelefmeter), 2:1 Egeestein (102')

Am Duell vun den Ekippen aus der zweeter Bundesliga setzt sech den FC. Sankt Puli doheem géint den FC Schalke 04 duerch. Dat nodeems d’Gäscht an der 16. Minutt duerch e Gol vum Kaminski a Féierung ginn. Et dauert, bis déi 57. Minutt, bis Sankt Pauli no engem Hand-Eelefmeter ausgläiche kann. Dem Hartel trëtt un a verwandelt. De Rescht vun de regulärer Spillzäit geschitt a punkto Goler näischt méi, sou dass et an der Verlängerung geet. Hei suergt den Eggestein an der 102. Minutt fir d’Féierung vun den Haushären, déi de Match um Enn mat 2:1 wannen an an der nächster Ronn stinn.

Bei St. Pauli stoung den Danel Sinani déi éischt Hallschent vum Match um Terrain.

FC Homburg - Greuther Fürth 2:1
1:0 Eisele (31'), 1:1 Hrgota (52'), 2:1 Harres (83')

D’Matcher vun 21.45 Auer

Borussia Mönchengladbach - FC Heidenheim 3:1
1:0 Siebatcheu (3'), 2:0 Siebatcheu (9'), 3:0 Hack (44'), 3:1 Beck (78')

Gladbach kënnt gutt, d’Gäscht aus Heidenheim schlecht an de Match. Direkt beim éischte Corner markéiert de Siebatcheu den 1:0. Nëmme 6 Minutten drop trëfft de Siebatcheu dann aus dem Spill zum 2:0. An der 44. Minutt ass et dann den Hack dee mat engem Käpper den 3:0 markéiert.
Heidenheim geléngt an der 78. Minutt zwar nach den Éiere-Gol duerch de Beck, ma um Enn zitt Gladbach verdéngt an déi nächst Ronn an.

De Lëtzebuerger Nationalspiller Yvandro Borges stoung bei der Victoire vu senger Ekipp net am Kader.

FC Kaiserslautern - FC Köln 3:2
1:0 Tachie (19'), 2:0 Redondo (47'), 3:0 Ritter (65'), 3:1 Thielmann (71'), 3:2 Uth (81')

Den Zweetligist Kaiserslautern ka sech géint Köln aus der Bundesliga duerchsetzen. Lautern geet an der 19. Minutt duerch den Tachie a Féierung. An der 47. Minutt erhéicht dann de Redondo op 2:0 an ander 65. Minutt ass et de Ritter, deen op den tëschenzäitlechen 3:0 stellt. Köln markéiert an der 71. Minutt duerch den Thielmann den 3:1. Ma an der 79. Minutt gesäit de Martel bei de Kölner Giel-Rout a muss vum Terrain. De Mark Uth schéisst an der 81. Minutt zwar nach den Uschloss-Gol. Um Enn geet de Match awer mat 3:2 fir Kaiserslautern aus.

De Mathias Olesen souz de ganze Match iwwer op der Bank a gouf net agewiesselt.

FC Unterhaching - Fortuna Düsseldorf 3:6 no Verlängerung
1:0 Hobsch (34'), 2:0 Hobsch (55') (Eelefmeter), 2:1 Klaus (65'), 2:2 Johannesson (66'), 3:2 Skarlatidis (71'), 3:3 Johannesson (78'), 3:4 Johannesson (107'), 3:5 Tzolis (114'), 3:6 Jastrzembski (117')

Armina Bielefeld - Hamburger SV 3:4 no Eelefmeterschéissen
1:0 Shipnoski, 1:1 Jatta (77')
Eelefmeterschéissen (Hamburg fänkt un): 0:1 Bénes, 0:1 Klos verschéisst fir Bielefeld, 0:2 Muheim, 1:2 Gohlke, 1:3 Glatzel, 2:3 Mizuta, 2:3 Krahn verschéisst fir Hamburg, 3:3 Grosser, 3:4 Heyer, 3:4 Wörl verschéisst fir Bielefeld

Back to Top
CIM LOGO