
Nodeems de Progrès Nidderkuer sech géint Gjilani aus dem Kosovo behaapte konnt, muss een e Mëttwoch den Owend op Midtjylland an Dänemark fir den zweeten Tour vun der UEFA Conference League bei. D’Ekipp aus Dänemark steet no der Victoire am éischten Championnatsmatch op der 4. Plaz an der Tabell a konnt sech d’lescht Saison an der Europa League fir d’1/16-Finall qualifizéieren. Do huet een du géint Sporting Lissabon de Kierzere gezunn.
2:1 doheem an 3:2 auswäerts konnt sech Diddeleng am éischten Tour vun der Conference League géint St. Patrick’s Athletic aus Irland duerchsetzen. Mat Gzira United aus Malta huet een en Donneschdeg den Owend awer een anere Géigner virun der Broscht. Eng Ekipp, déi onangeneem ze spillen ass an iwwert déi een net all ze vill weess. Fir den Directeur Sportif vum F91, de Manou Georgen, wäert et een enke Match ginn, bei deem een op Detailer muss oppassen.
“Mir musse kucke fir kierperlech géint eng physesch gutt Ekipp matzehalen, déi aus enger kompakter Defense ëmmer nees hire Wee wäert no vir sichen. Do hu se notamment am Mëttelfeld an am Stuerm interessant an technesch staark Spiller. Eis Ambitioun ass et, een Tour weiderzekommen, mee dat wäert definitiv net einfach ginn. Ech gesinn déi Chancë bei 50:50.”
Mam slowenesche Rekordchampion NK Maribor huet den FC Déifferdeng 03 ee richteg staarke Géigner erwëscht. Och wann duerch de Coupe-Gewënn eréischt am zweeten Tour vun der Conference League huet misse starten, huet een net wierklech ee Virdeel. Maribor ass duerch déi éischte Ronn an hirer 4:0-Victoire am Optaktmatch an hirem Championnat schonn an Competitiouns-Rhythmus. Den Déifferdenger Defenseur Kevin D’Anzico weess, datt Feeler géint Maribor direkt wäerte bestrooft ginn.
“Si brauchen net vill Chance fir ee Gol ze schéissen. Mir probéieren defensiv gutt ze stoen, keng Feeler a keng Raim zouzeloossen, fir net bestrooft ze ginn. Mir rechnen eis awer gutt Chancen aus. Mir gi mat enger positiver Attitüd an dëse Match eran. Mir wëlle weiderkommen, ouni iwwerhieflech ze sinn. Mir probéieren de Maximum rauszehuelen a gleewen drun, fir weiderzekommen.”
Diddeleng spillt en Donneschdeg den Owend um 19 Auer auswäerts bei Gzira United. Déifferdeng spillt en Donneschdeg den Owend um 19.30 Auer am Stade Municipal zu Déifferdeng géint Maribor.