
De Grammozis huet nämlech e Vertrag bis 2022 ënnerschriwwen. Hien ass domat schonns de 5. Mann op der Trainerbänk vu Schalke eleng an dëser Saison. Schalke läit no 23 Spilldeeg an nëmmen 9 Punkten ofgeschloen op der leschter Plaz an der Bundesliga.
Och Arminia Bielefeld huet en neien Trainer. De Frank Kramer iwwerhëlt de Poste vum Uwe Neuhaus beim Opsteiger. Hien ënnerschreift e Kontrakt bis 2023.