Futtball-WM 2022D'Leeschtung vun den Arbittere war am Allgemenge richteg gutt

RTL Lëtzebuerg
Dem fréiere Lëtzebuerger Arbitter Romain Sales no hätten d'Männer an d'Fra mat der Päif sech am Katar nëmme wéineg Feeler geleescht.
© WILLIAM VOLCOVBRAZIL PHOTO PRESS Brazil Photo Press via AFP

Zu Buenos Aires ass aktuell eng méi lass. Zéngdausende Leit feieren en Dënschdeg hir Futtball-Nationalekipp am Zentrum vun der argentinescher Haaptstad. Dausende Fans haten deels déi ganz Nuecht bei der Streck campéiert, fir e gudde Bléck op d’Parad ze hunn. Den 20. Dezember ass dann an Argentinien och offiziell zu engem Feierdag erkläert ginn.
Fir Argentinien war et den drëtte WM-Titel an de Lionel Messi konnt seng Karriär definitiv kréinen.

An och wann an de leschte Joren am Futtball ëmmer méi Technologie an den Asaz koum, goung et bei dëser WM net ouni Arbitteren. Bis op e puer Ausname waren d’Leeschtunge vun de Männer an der Fra mat der Päif richteg gutt, seet de Romain Sales, fréiere Lëtzebuerger Arbitter an der ieweschter Divisioun hei am Land.

D’Leeschtung vun den Arbitteren op der Futtball-WM

64 Matcher goufen an deene leschte Wochen am Katar gespillt. Et goufe scho Weltmeeschterschafte bei deenen d’Arbittere vill méi schlecht ewech komm sinn ewéi dës Kéier, sou de Romain Sales, dee genee 100 Partien an der BGL-Ligue gepaff huet. “Am grousse Ganze muss ee soen, datt d’Arbittere bei esou Evenementer ëmmer richteg ënner Drock stinn, mä am grousse Ganze war den Arbitrage richteg gutt, ausser e puer Matcher, ouni datt ech elo an d’Detailer muss goen. Dat wëssen d’Leit, wou den Arbitter komplett nieft der Kap louch. Mä et muss ee soen, wat de polnesche Kolleeg an der Final bruecht huet, dat ass sensationell. Hien hat kriddeleg Situatiounen an huet déi richteg a gutt entscheet.”

Eppes, dat bei dëser Weltmeeschterschaft opgefall ass, ass datt ëmmer nees emol bis zu 10 Minutten nogespillt goufen. De Romain Sales hält dat u sech fir eng gutt Saach. “Éischtens wann d’Spiller ufänken op Zäit ze spillen, dat geet jo schonn heiansdo an der 70. Minutt un. Wou déi Nospillzäit elo hier kënnt... ech huelen un, datt dat am Virfeld vun der FIFA esou bestëmmt ginn ass.”

De VAR, de Videoassistent, deen an d’Futtballsupporter, dat gëtt wuel ni déi grouss Léift... virun allem well een als Spectateur heiansdo net kann novollzéien, wéini déi technesch Hëllef sech mat aschalt a wéini net. “Et soll een einfach emol och deene Millioune Leit, déi virum Fernsee souzen, erklären oder de Veräinsverantwortlechen, wéini a wou de VAR soll agesat ginn. Mir brauchen nëmmen den éischten Eelefmeter ze kucken, quitt de Kontakt war do, mä ech soen, do ware ganz vill Leit, déi sech erwaart hunn, datt sech den Arbitter déi Situatioun nach eng Kéier géif ukucken.”

Genee wéi vill Spiller, hunn awer och eng Rei Arbitteren no der WM keng laang Paus fir ze raschten. An der Premier League ass zum Beispill en Donneschdeg schonn nees de 16. Spilldag.

Back to Top
CIM LOGO