Champions LeagueDortmund, Benfica a PSG stinn an den 1/8-Finallen

RTL Lëtzebuerg
Duerch en 0:0 géint Manchester City zitt de BVB an d'K.O.-Phas an. Och Benfica an de PSG stinn no Victoirë fréizäiteg ënnert de Beschte 16.
© AFP

En Dënschdeg den Owend war an der Champions League den Optakt vum 5. Spilldag an der Gruppephas. Nieft Dortmund a ManCity konnte sech och nach Benfica mat engem 4:3 géint Juventus an de PSG mat engem 7:2 géint Maccabi Haifa fir d'1/8-Finalle qualifizéieren. Leipzig muss sech dogéint trotz enger Victoire géint Real Madrid nach um leschte Spilldag mat Shakhtar Donezk ëm déi zweet Plaz am Grupp F streiden.

Resumé Champions League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Grupp G

Dortmund - Manchester City 0:0

Déi bescht Zeene vum Match Dortmund géint Manchester City
Um Enn hu sech Dortmund a City mat engem 0:0 d’Punkte gedeelt.

Och wann de Ball an den éischte Minutte vum Match gréisstendeels duerch d’Reie vun de Gäscht gelaf ass, huet sech Dortmund virun den eegene Spectateuren net verstoppt an huet fréi gewisen, dass si nach eng Rechnung aus dem Allersmatch zu Manchester ophaten. Béid Ekippen hu sech engagéiert gewisen, ma gutt Golchancen hunn an der Ufanksphas op sech waarde gelooss. Déi bescht Occasioun op den 1:0 hat den Adeyemi no 15 Minutten, deem säi Schoss eleng virum Golkipp awer net placéiert genuch war. Um Bild vum Match huet sech och am weidere Spillverlaf vun der éischter Hallschent net vill geännert. De BVB huet op Konter-Chancen gewaart an ass sou déi eng oder aner virun de géigneresche Gol komm. D’Gäscht, déi sech den Ticket fir d’Aachtelsfinall jo schonn de leschte Spilldag séchere konnten, haten trotz 68% Ballbesëtz kee richtegen Zuch no vir. Mat 0:0 ass et sou no 45 Minutten an d’Vestiaire gaangen.

Nom Säitewiessel ass et fir d’Ekipp an den hellbloen Trikoten ouni de formstaarken Ex-Dortmunder Haaland weidergaangen. De Pep Guardiola war net zefridden a wollt mam Silva an Akanji frësche Wand an d’Partie bréngen. An der 57. Minutt ass et dann en Eelefmeter fir City ginn, wéi den Can de Mahrez am Strofraum zum Fale bruecht huet. Den Algerier ass selwer vum Punkt ugelaf, ma de Kobel huet de richtegen Eck gericht a konnt sou de Réckstand fir seng Ekipp verhënneren. Vill méi Héichpunkte wéi am éischten Duerchgang sinn et och an den zweete 45 Minutten net ginn. D’Zäit op der Auer ass ëmmer manner ginn a sou bleift et um Enn beim 0:0. Duerch de Punkt ka sech Dortmund awer scho fréizäiteg den Ticket fir d'1/8-Finalle sécheren. Och ManCity steet an der K.O.-Phas.

FC Sevilla - Kopenhagen 3:0
1:0 En-Nesyri (61'), 2:0 Isco (88'), 3:0 Montiel (90+2')

De Resumé vum Match Sevilla géint Kopenhagen
Den FC Sevilla konnt sech kloer mat 3:0 géint Kopenhagen behaapten.

Grupp E

De Resumé vum Grupp E
Chelsea konnt sech mat 2:1 géint Salzburg duerchsetzen a fir den AC Mailand gouf et eng 4:0-Victoire zu Zagreb.

Salzburg - Chelsea 1:2
0:1 Kovacic (23'), 1:1 Adamu (49'), 1:2 Havertz (64')

Dinamo Zagreb - AC Mailand 0:4
0:1 Gabbia (39'), 0:2 Leao (50'), 0:3 Giroud (59'), 0:4 Ljubicic (69')

Grupp F

De Resumé vum Grupp F
Celtic a Shakhtar hu sech mat engem 1:1 getrennt a fir Leipzig gouf et eng 3:1-Victoire géint Real Madrid

Celtic Glasgow - Shakhtar Donezk 1:1
1:0 Giakoumakis (35'), 1:1 Mudryk (58')

RB Leipzig - Real Madrid 3:2
1:0 Gvardiol (13'), 2:0 Nkunku (18'), 2:1 Vinicius Jr. (44'), 3:1 Werner (81'), 3:2 Rodrygo (90+4')

Grupp H

De Resumé vum Grupp H
De PSG huet sech mat 7:2 géint Maccabi Haifa behaapt a Benfica wënnt mat 4:3 géint Juventus

Benfica - Juventus 4:3
1:0 Silva (17'), 1:1 Vlahovic (21'), 2:1 Mario (28'), 3:1 Rafa (35'), 4:1 Rafa (50'), 4:2 Milik (77'), 4:3 McKennie (79')

PSG - Maccabi Haifa 7:2
1:0 Messi (19'), 2:0 Mbappé (32'), 3:0 Neymar (35'), 3:1 Seck (38'), 4:1 Messi (44'), 4:2 Seck (50'), 5:2 Mbappé (64'), 6:2 Goldberg (67'), 7:2 Soler (84')

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO