
An der Futtball-Champions-League war e Mëttwoch den Owend d’Suite vun den Aachtelsfinallen. Dortmund ass no engem fréien 0:1-Réckstand nach an der 1. Hallschent zeréck an de Match komm a gewënnt um Enn verdéngt mat 3:2 zu Sevilla. Dogéint krut Juventus Turin eng béis Iwwerraschung zu Porto. Mat 2 fréie Goler jeeweils am Ufank vum Match a vun der 2. Hallschent gewënnt Porto doheem mat 2:1.
D’Retourmatcher ginn den 9. Mäerz gespillt.
1:0 Suso (7'), 1:1 Dahoud (19'), 1:2 Haaland (27'), 1:3 Haaland (43'), 2:3 de Jong (84')
Sevilla ass no 6 Victoiren aus deene leschte 6 Championnatsmatcher als Favorit an d’Partie gaangen. An deenen éischte Minutten huet awer fir d’éischt de BVB versicht, Sevilla ënner Drock ze setzen. No knapp 5 Minutten ass Sevilla awer ëmmer méi sécher um Ball ginn an esou huet de Suso an der 7. Minutt dann och direkt zougeschloen. Dem Spuenier säi Schoss ass nach entscheedend vum Hummels ofgefälscht ginn an esou hat den Hitz am Gol vum BVB keng Chance, de Schoss nach ofzewieren.
Dortmund war an der Suite beméit an huet Sevilla an den eegene Strofraum gedréckt. Sevilla stoung kompakt, mee no ronn 20 Minutten huet den Dahoud d’Häerz an d’Hand geholl an de Ball zum 1:1-Ausgläich an de Filet gesat. No 7 Matcher kasséieren d’Andalusier domat emol erëm e Géigegol.
An d’Borussia ass duerno um Drecker bliwwen. No engem flotte Spillzuch iwwert den Haaland an de Sancho huet den Englänner mat engem “Chipp-Pass” den Haaland an de Strofraum geschéckt. Dës Chance huet sech den Norweger net huele gelooss an huet de Ball iwwert d’Linn geschoss.
Sevilla ass nom 1:0 an der Offensiv net méi aktiv ginn a gouf vum BVB an déi eegen Hallschent gedréckt. Déi Schwaarz-Giel stounge mëttlerweil stabil an hunn an der Offensiv ëmmer erëm mam Sancho fir geféierlech Aktioune gesuergt. Kuerz virun der Paus ass dunn den Haaland op en Neits virum Gol vum Navas opgetaucht an de Stiermer huet de Ball aus 11 Meter an de lénksen Eck gesat. Mat enger 3:1-Féierung ass Dortmund an d’Paus gaangen.
Den 2. Duerchgang ass bei wäitem méi roueg verlaf wéi déi éischt 45 Minutten. Dortmund stoung an der Defense stabil a Sevilla hat weider Schwieregkeeten, fir d’Spill opzebauen. An der 60. Minutt huet Sevilla dunn 3 Mol gewiesselt. 15 Minutte méi spéit huet den agewiesselten Oscar e Fräistouss aus ronn 22 Meter un de Potto gesat. D’Andalusier sinn dono wuel en Tick besser an de Match komm, ouni sech awer zwéngend Golchancen erauszespillen. Wou alles schonn esou ausgesinn huet, wéi wann et eng kloer Victoire fir Dortmund sollt ginn, huet Sevilla an der 84. Minutt duerch de Luke de Jong op emol zougeschloen an den 2:3-Uschloss markéiert.
No enger hektescher Schlussphas huet Dortmund op eemol gewackelt. Sevilla huet gedréckt, mee et sollt awer net méi duergoen. Dortmund gewënnt mat 3:2 zu Sevilla.
1:0 Taremi (1'), 2:0 Marega (46'), 2:1 Chiesa (82')
Wat een Optakt vun der Lokalekipp. De Bentancur huet mat engem Réckpass de Szczesny vill ze kuerz ugespillt an esou ass den Taremi dotëscht gaangen a konnt de Ball iwwert d’Linn drécken. No 2. Minutte stoung et deemno schonn 1:0 fir Porto. D’Bianconeri hat Schwieregkeete mam Spill vu Porto an ass esou ëmmer nees a Bedrängnis geroden. Alles an Allem ass an der 1. Hallschent net all ze vill passéiert, dat virun allem well Porto am Laf vum Match stabil an der Defense stoung an dem italienesche Champion Fantasie am Offensivspill gefeelt huet.
Déi 2. Hallschent ass ugaange wéi déi éischt. Porto ass ee Start no Moos gelongen an huet wéi an der Ufanksphas vum Match äiskal zougeschloen. De Ball ass dem Marega an de Fouss gefall an esou konnt den 29 Joer ale Spiller vu der Lokalekipp den 2:0 markéieren. Ronaldo a Co. ware wuel beméit, mee et huet geschéngt, wéi wann et net hätt solle sinn. 8 Minutte viru Schluss huet de Chiesa no Viraarbecht vum Rabiot dunn deen esou wichtegen auswäerts Gol fir d’Gäscht geschoss. Porto huet de Virsprong iwwert Zäit bruecht a gewënnt net onverdéngt mat 2:1.