Am Alter vu 86 JoerDoud vum Sir Bobby Charlton

RTL Lëtzebuerg
Déi englesch Fussball-Legend Sir Bobby Charlton ass e Samschdeg am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
© BEN STANSALL AFP

Dat mellt d’Noriichtenagence PA a berifft sech dobäi op seng Famill.

De Robert Charlton huet quasi seng ganz Klub-Karriär bei Manchester United gespillt, mat deenen hie 3 Mol englesche Champion gouf. 1968 huet hie mam Veräin den Europapokal vun de Landesmeeschter, de Virleefer vun der Champions League gewonnen.

Nom Gewënn vun der Futtballweltmeeschterschaft mat England 1966, gouf hien zum europäesche Futtballer vum Joer gewielt.

Back to Top
CIM LOGO