
E Sonndeg den Owend war et den Optakt vum 2. Spilldag an der Nations League.
Da gouf et an der WM-Qualifikatioun awer och nach de leschten europäeschen Ticket fir d’Weltmeeschterschaft am Dezember a Katar ze verginn. Hei koum et zur Partie tëscht Wales an der Ukrain, wou sech Wales duerch e Selbstgol vum Yarmolenko mat 1:0 duerchsetze konnt. Et war eng serréiert Partie, an där béid Ekippen d’Chance op e (weidere) Gol haten, um Enn war d’Gléck awer op der Säit vun de Waliser. Deemno eng batter Néierlag fir d’Ukrain, déi domat d’WM verpassen.

Portugal - Schwäiz 4:0
1:0 William Carvalho (15'), 2:0 Cristiano Ronaldo (35'), 3:0 Cristiano Ronaldo (39'), 4:0 Joao Cancelo (68')
Tschechien - Spuenien 2:2
1:0 Pesek (4'), 1:1 Gavi (45+3'), 2:1 Kuchta (66'), 2:2 Inigo Martinez (90')
Schweden - Norwegen 1:2
0:1 Haaland Eelefmeter (20'), 0:2 Haaland (69'), 1:2 Elanga (90+2')
Serbien - Slowenien 4:1
1:0 Mitrovic (24'), 1:1 Stojanovic (30'), 2:1 Milinkovic-Savic (56'), 3:1 Jovic (85'), 4:1 Radonjic (90+2')
Gibraltar - Nordmazedonien 0:2
0:1 Bardhi (21'), 0:2 Nikolov (84')
Zypern - Nordirland 0:0
Bulgarien - Georgien 2:5
0:1 Davitashvili (4'), 0:2 Hristov Selbstgol (31'), 1:2 Iliev (50'), 1:3 Zivzivadze (52'), 1:4 Kvaratskhelia Eelefmeter (58'), 1:5 Vako (69'), 2:5 Stefanov (83')
Kosovo - Griichenland 0:1
0:1 Bakasetas (36')
San Marino - Malta 0:2
0:1 Busuttil (59'), 0:2 Guillaumier (75')