VéierschanzentournéeDrëtt Victoire am drëtte Sprange fir de Kobayashi

RTL Lëtzebuerg
De Japaner dominéiert weider d'Véierschanzentournée an huet um Freideg och zu Innsbruck gewonnen a steet domadder kuerz virun der Victoire.
© AFP

Nom drëtte Sprange vun der Véierschanzentournée dierft d'Virentscheedung op d'Victoire e Freideg gefall sinn. Op en Neits huet de Japaner Ryoyu Kobayashi d'Iwwerhand behalen, dës Kéier huet säi Konkurrent Markus Eisenbichler aus Däitschland allerdéngs misste Plomme loossen a kënnt net an Top10.

Mat Spreng op 136,5 Meter an 131 Meter huet de Kobayashi e Freideg ganz däitlech gewonnen. De Japaner hat e Virsprong vun 13,8 Punkten op den Éisträicher Stefan Kraft. Den Norweger Andres Stjernen hat als Drëtten ewell 24,3 Punkte Réckstand op de Gewënner. De Markus Eisenbichler ass nëmmen den 13. ginn.

Nom Sprangen zu Innsbruck an Éisträich huet de Kobayashi elo eng däitlech Avance am General op den Eisenbichler vun iwwer 45 Punkten. No der 2. Statioun loung de Réckstand vum Däitsche bei nëmmen 2,3 Punkten.

De Weekend ass dann déi lescht Kompetitioun, dat zu Bischofshofen an Éisträich.

FOTOGALERIE: Andréck vum Christoan Schmit vu Garmisch-Partenkirchen

Back to Top
CIM LOGO