Zanter Mëtt Mäerz gëtt weder national nach international Dëschtennis gespillt. D’Sarah de Nutte huet no der Participatioun bei engem ITTF-Tournoi am Oman de Fliger op Lëtzebuerg geholl an ass zanter deem zu Haler am Lockdown. Soss huet d’Profispillerin zweemol den Dag trainéiert, ma dat ass de Moment net méiglech. D’Sarah de Nutte kann awer net roueg setze bleiwen an huet aner Weeër fonnt, fir fit ze bleiwen.
Et war deemno nëmmen eng Fro vun der Zäit bis de Coronavirus och dem Sarah de Nutte säi Profisalldag beaflosst huet. Déi éischte Kéier, wou dat der Dëschtennisspillerin awer sou richteg bewosst gouf, war ufanks Mäerz am Kader vun de Qatar Open. D’Sarah de Nutte - Nummer 84 op der Welt - beschreift d’Situatioun vun deemools esou:
“Wou mer zu Doha ukomm sinn, gouf et schonn e Probleem fir duerch d’Kontroll ze kommen, well se gesinn hunn, dass mer vu Mailand koumen. Am Ufank wollte se mäin Trainer eraloossen, mee mech net. Mir hunn et dunn nach eng Kéier probéiert a eréischt beim 3.Versuch si mer erakomm.”
Mee net nëmmen d’Sarah de Nutte selwer, virun allem hiren Club Bad Driburg leit ënnert der sanitärer Kris. Den däitsche Vizechampion huet annoncéiert, dass een déi nächste Saison wéinst finanzielle Probleemer eng Liga méi déif wäert spillt. Deemno wäert d’Sarah de Nutte déi nächste Saison op Saint Quentin a Frankräich wiesselen.
Mee och dat ass Zukunftsmusek. Am Moment ass mol keen normalen Training méiglech. Fir wéinstens e puer Bäll ze spillen, huet d’Lëtzebuerger Nummer 2 mussen e bësse kreativ ginn.
“Ech hu mat menger Mamm de ganze Späicher geraumt fir mäi Dëschtennis-Dësch opzeriichten. Deen hunn ech an de leschte Jore ni gebraucht.”
Lo fléien d’Bäll zu Honnerten um Späicher. Och an der Kris huet d’Sarah de Nutte säin Éiergäiz net verluer.
“Ech hu mer virgeholl, all Dag eng Stonn Opschlag-Training ze maachen. Dat ass eppes, wat ech soss net gären hunn. Mee ech hu gefalen dru fonnt, well et dat Eenzegt ass, wat ech ka richteg trainéieren.”
Un d’olympesch Spiller denkt d’Sarah de Nutte de Moment net ze vill. D’Qualifikatiounstournoie wiere souwisou eréischt am Abrëll an am Mee gewiescht. D’Nummer 84 op der Welt mécht genee ewéi déi aner Leit och Schratt no Schratt.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament