
Zanter 2017 spillt d’Nadia Mossong als Basketprofi bei Pallacanestro Bolzano, e Club aus der drëtter italienescher Liga. Zanter ronn engem Mount gouf awer net nëmmen d’Basketssaison gestoppt, mä och am Südtiroul solle vum 10. Mäerz un d’Leit doheem bleiwen. An dorunner hält sech och d’Nadia Mossong.
Et ass déi leschte Saison fir d’Nadia Mossong an Italien. Hire Club vu Bolzano louch op der éischter Plaz an der 3. Liga an sollt eigentlech de Playoff ëm den Opstig spillen. Zanter Ufank Mäerz gëtt awer kee Basket méi an Italien gespillt. D’Nadia Mossong kritt aktuell keng Paie méi vun hirem Veräin, mä kann awer nach an hirem Appartement wunne bleiwen, bis d’Situatioun sech verbessert huet. Op Lëtzebuerg ze kommen, ass keng Optioun.
Och wann d’Situatioun a Südtiroul net esou schlëmm ass ewéi an Norditalien, hält sech d’Nadia Mossong konsequent un d’Ausgangsspär. D’Zäit kritt déi 33 Joer al Nationalspillerin mam Programm Insantity, Chinesesch léieren a kachen em.
Nach weess keen, ewéi et an Italie weider geet. Et gëtt awer méi warscheinlech, dass déi professionell Karriär vum Nadia Mossong net nëmme vum Coronavirus gestoppt gouf, mä dann och ganz eriwwer ass.
Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän
Serie Sportler a Corona-Zäiten (4): Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach