An eiser Serie iwwer Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Sport a wéi si mam Coronavirus ëmginn, loosse mer den Tom Habscheid zu Wuert kommen.

Enn August sollt den Tom Habscheid bei de Paralympics zu Tokio untrieden. Dem 33 Joer ale Liichtathlet säin Draam ass eng Medail. Mä déi muss wéinst der sanitärer Kriis nach e Joer waarden. Den Tom Habscheid probéiert, trotzdeem dat Bescht aus der Situatioun ze maachen a mat alle Mëttele weider fit ze bleiwen.
Dem Tom Habscheid seng sportlech Evolutioun an de leschte Joren ass impressionant. Mëttlerweil ass hie Vize-Weltmeeschter an Europameeschter am Diskus a mat der Bomm. Am November huet den Tom Habscheid zu Doha en neie Weltrekord a senger Kategorie gestouss a sech sou säin Ticket fir d’Olympesch Spiller geséchert, mä déi mussen ee Joer méi laang waarden.

"Meng Mental-Trainerin seet ëmmer, ech soll keng Energie dorobber verschwende fir Saachen, déi ech souwisou net ännere kann. Ech kucken dat Ganzt positiv a probéieren, mech weider ze verbesseren."

Dofir schafft den Tom Habscheid aktuell u senge Schwächten. Am Keller mécht de Liichtathlet Muskulatiounstraining a probéiert seng Grëffkraaft ze stäerken. An dass och d’Bomm flitt, dofir huet de Fernand Heintz gesuergt.

"Mäin Trainer huet mer am Gaart e Réng zesummegebaut. Dat geet och gutt, just dass elo e puer déif Lächer am Gaart sinn."

Den Tom Habscheid kritt d’Zäit doheem mat senger Fra, zwee Kanner, Kaz an Hënn gutt ëm. De Staatsbeamte schafft fir de groussen Deel doheem.

"Ech muss heiansdo op d'Aarbecht, fir nozepréiwen, ob ech menge Cheffen eppes muss schécken, well si am Télétravail sinn. Soss hunn ech meng sozial Kontakter erofgeschrauft."

Den Tom Habscheid denkt awer all Dag un déi, déi aktuell mat hirer Aarbecht e wichtegen Déngscht fir d’Allgemengheet leeschten.

An deene seet och hie Merci.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay