Zanter ugangs der Woch ass gewosst, datt aus den Olympesche Summerspiller dëst Joer näischt gëtt. Wéinst der Corona-Kris goufe si op 2021 verluet. De Schwëmmer Julien Henx wollt sech bis dëse Summer nach fir d’Spiller qualifizéieren. Dëst ass elo mol an d’Waasser gefall. De Sportler huet dofir elo nach gutt Zäit fir dëst Zil ze erreechen.
Ënnert professionellen Trainingskonditioune kann den Diddelenger schaffen. Video-Analys gëtt agesat. Sou huet de Crawl-Spezialist rezent de Start an déi éischt 15 Meter ënnert d’Lupp geholl. Hei kann een Detailer erkennen a verbesseren. Ënnerwaasserkamerae filmen de Julien beim Training. Soubal hien aus dem Waasser ass, kann hie sech op engem groussen Ecran säi Start vum Bock ukucken.
Fir d’Qualifikatioun fir d’Olympesch Summerspiller 2021 feelt dem Julien Henx op de 50 Meter eng 1/2 Sekonn.
Aktuell mécht de Julien Henx haaptsächlech Kraafttraining doheem, fir spéider optimal aus der Corona-Kris erauszekommen.
Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet