D’Vera Hoffmann an de Charel Grethen sinn zanter Ufanks Mäerz an Amerika am Trainingslager. Déi zwee Lëtzebuerger Mëttelstreckeleefer wollte sech op déi decisive Qualifikatiounsphase fir d’olympesch Spiller preparéieren. Tokyo 2020 ass awer mëttlerweil ofgesot ginn an déi zwee Athleten aus dem COSL-Elittekader probéieren elo esou séier ewéi méiglech erëm heem ze kommen.
Flagstaff Arizona ass eng beléiften Destinatioun fir Leefer fir d’Form an der Héicht vun 2.000 Meter opzebauen. D’Vera Hoffmann ass zesummen mam Lena Kieffer den 7. an de Charel Grethen den 10. Mäerz an Amerika geflunn. 3 Deeg drop huet d’Regierung vum Donald Trump en Areesstopp fir Europäer decidéiert.
Déi 3 Lëtzebuerger Athleten haten zu Flagstaff nëmmen mat 2 anere Leefer Kontakt an hu sech an hiert Ëmfeld genee ewéi doheem sou gutt ewéi méiglech virum Virus geschützt.
Trotzdeem kruten si d’Recommandatioun vum COSL an der Ambassade, erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.
Och mat Hëllef vum Ausseministère ass de Rapatriement elo assuréiert. D’Heemrees ass en Donneschdeg vu Phoenix iwwer Seattle op Frankfurt geplangt.
Dat ass awer déi eenzeg gutt Nouvelle an de leschte Deeg fir d’Vera Hoffmann an de Charel Grethen. D’olympesch Spiller sinn jo fir dëst Joer ofgesot.
Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän