
Déi Lëtzebuerger Handballspillerin Tina Welter huet sech en Donneschdeg den Owend am Training mat hirer Ekipp Frisch! auf Göppingen d'Nues gebrach. D'Lëtzebuergerin huet missen operéiert ginn a wäert hirer Ekipp elo e puer Woche feelen.
De leschte Weekend war den Optakt vum däitschen Handball-Championnat. D'Tina Welter hat sech hei mat hirer Ekipp misse mat 22:26 géint Blomberg-Lippe geschloe ginn.