Europa LeagueDynamo Kiew verléiert mam Gerson Rodrigues géint Villarreal

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend goufen an der Europa League d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle gespillt.

Fir Dynamo Kiew ass et am Match géint Villarreal näischt ze huele ginn. D’Ekipp aus der Ukrain huet sech mam Gerson Rodrigues, dee vun Ufank un am Asaz war, um Enn misse mat 0:2 geschloe ginn. Dat no de Goler vum Pau a Raul Albiol.

An der Partie tëscht Ajax a Young Boys Bern huet sech d’Ekipp aus der hollännescher Eredivisie mat enger verdéngter 3:0-Victoire duerchgesat. De schwäizer Champion, bei deem de Christopher Martins op Grond vun enger Verletzung net am Kader stoung, huet sech offensiv immens schwéier gedoen an ass domat am Retourmatch gefuerdert.

Am Old Trafford konnt den AC Mailand eng Defaite géint Manchester United nach an der Nospillzäit verhënneren. De jonken Amad Diallo hat d’Reds no der Paus a Féierung bruecht, ma an der 92. Minutt ass dem Kjaer no engem Corner de Gol zum Ausgläich gelongen.

E Remis gouf et och an der Partie tëscht Slavia Prag an dem frësche schottesche Champion Glasgow Rangers. No Goler vum Stanciu an Helander ass de Match mat engem 1:1 op en Enn gaangen.

Méi spéit um Owend stoungen dann nach véier weider Partien um Programm.

Zu Piräus ass et fir Arsenal eng 3:1-Victoire ginn. Den Ödegaard konnt d’Gunners am éischten Duerchgang a Féierung bréngen, no der Paus war et dann awer den El-Arabi, deen tëschenzäitlech op 1:1 ausgeglach huet. An de Schlussminutten huet Arsenal dann awer nees op d’Féierung gedréckt a sou war de Match no de Goler vum Gabriel an Elneny entscheet.

Am Tottenham Hotspur Stadium zu London huet den Harry Kane mat sengen zwee Goler fir d’Victoire géint Dynamo Zagreb gesuergt. D’Spurs hunn de gréissten Deel vum Match bestëmmt a sou stoung um Enn e verdéngten 2:0 géint de Gaascht aus Kroatien.

An den zwee weidere Matcher konnt sech iwwerdeems Granada mat 2:0 géint Molde duerchsetzen a fir den AS Roum ass et eng 3:0-Victoire géint Shakhtar Donezk ginn.

Den nächsten Donneschdeg stinn da schonn d’Retourmatcher um Programm.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO