100 Joer a méiE Buch iwwert d'Geschicht vum Swift Hesper

Franky Hippert
De Swift huet 2016, also viru 5 Joer säin 100ste Gebuertsdag gefeiert.

D’Buch fir de Centenaire vum Futtball Club vun Hesper ass awer elo eréischt virun e puer Woche fäerdeg ginn. Zejoert huet de Romain Thill, deen um Holleschbierg zum Inventaire gehéiert, dunn decidéiert, datt awer onbedéngt esou en Erënnerungsstéck gemaach muss ginn. De Franky Hippert huet mam fréiere President vun Hesper duerch d’Geschichtsbuch vum Futtballclub, deen 1916 gegrënnt gouf, gebliedert.

100 Joer Swift Hesper / Reportage Franky Hippert

404 Säiten ass dat schmockt Stéck, natierlech an de rout-wäisse Faarwe vum Swift gehalen, déck. Um Deckel virdrop, dee bis dato gréisste Moment an der Clubgeschicht, erkläert de Romain Thill:

Jo do ass sonnerzweifel d’Coupe de Luxembourg déi mer 1990 gewonnen hunn. Et ass jo nach net duergaange fir Champion ze ginn. Mä wéi Hesper et fäerdeg bruecht huet, mam Trainer Monacelli eng Ekipp dohin ze stellen an Déifferdeng 7:1 ze klappen, an mat den Deville Bridder, Meylender dat nach richteg Swiftler waren, an dem Tun van Rijswijck als Kapitän.

De Romain Thill krut de Swift souzesoen an d’Wéi geluecht. Säi Papp Robert, nodeem och ee vun den Terrainen um Holleschbierg benannt ass, war scho President, an den Romain, deen zanter 67 Joer am Veräin ass, huet zejoert mat e puer Kolleegen decidéiert, datt wann schonn kee d’Heft an d’Hand geholl hat, elo egal wéi awer nach e Buch fir de Centenaire muss gemaach ginn:

An ech hu mer ëmmer vill Ënnerlage verschaf. Ech hu méi e groussen Archiv wei de Swift selwer. Een aus dem Comité muss ech erausstiechen, datt ass de Roland Schumacher, de President vun den Hesper Geschichtsfrënn, ouni dee géif et och haut nach kee Buch ginn.

De fréiere Member vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun weess awer och, datt de Swift vun haut net méi dee vu fréier ass. Déi lescht Joren hu sech ëmmer manner Leit engagéiert, an déi lescht Méint waren nawell turbulent.

Virun 2 Joer huet de Flavio Becca eng nei Ära agelaut, an ech hoffen datt dat e glécklecht Enn kritt, an datt se dat Zil, wat si sech ginn hunn, eng Kéier Champion ze ginn realiséieren.

De Romain Thill war och Tuteur an der Futtballschoul zu Monnerech. Hie war do den Tëschemann tëscht de Spiller, der normaler Schoul an dem Trainer. Och an sengem Veräin huet sech deen haut 82 Joer alen Thill gär ëm méi schwiereg Jonker gekëmmert. Een dovun ass haut op internationalem Niveau ganz grouss ënnerwee, de Gerson Rodrigues elo Profi beim Champions League Club Dynamo Kiew:

De Gerson war net frou mat der Schoul. Mä hie war en Talent am Futtball, wei ech e seelen hei zu Lëtzebuerg gesinn hunn. De Pjanic war jo och hei, mä hien ass en anere Spiller. De Gerson hat nëmme Futtball am Kapp an ech war der Meenung, datt hien iwwert de Futtball säi Liewe kéint maachen.

Ee grousse Wonsch huet den Romain Thill awer op jiddwerfalls och fir déi nächst 100 Joer, an zwar datt nees méi Jongen aus der eegener Jugend vum Swift Hesper an der éischter Ekipp um Holleschbierg spillen.

Dat wäert awer elo e Sonndeg-8-Deeg wann de Ball an der BGL-Ligue nees rullt, awer nach net onbedéngt de Fall sinn. Hesper spillt iwwregens um éischte Spilldag vun der Reprise zu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO