
Et war eng Woch voller Schweess a spannenden, emotionalen an onvergiessleche Momenter fir déi Lëtzebuerger Delegatioun op de Spiller vun de klenge Länner an Andorra. Um Enn konnten d’Sportler aus dem Grand-Duché 32 Mol Gold, 27 Mol Sëlwer a 27 Mol Bronze gewonnen, am Medailespigel ass een op Plaz 2 komm. Déi nächst Kéier sinn d’Spiller 2027 zu Monaco an dann 2029 nees zu Lëtzebuerg.
Am Februar 2025 hunn d’FLBB-Dammen den historesche Schratt, sech fir d’Europameeschterschaft am Basketball ze qualifizéieren, ganz knapp verpasst. Den decisive Match géint Montenegro huet een um Enn héich verluer.
D’Basket-Dammen-Nationalekipp huet am 1. Tour vun der aktueller Qualifikatioun fir d’EM 2027 zwee vun de bis elo dräi gespillte Matcher gewonnen. Aktuell steet Lëtzebuerg hannert Israel op Plaz 2 an der Tabell. No de sechs Matcher qualifizéiere sech jeeweils déi zwee Gruppenéischt an déi dräi bescht Gruppendrëtt aus de siwe Gruppe fir den 2. Tour. Mat zwou Victoiren um Kont ass Lëtzebuerg deemno an enger exzellenter Ausgangspositioun, fir den 2. Tour ze erreechen. Am 2. Tour ginn nach emol sechs Gruppe mat véier Ekippe gemaach, do kommen déi zwee Gruppenéischt jeeweils weider a qualifizéiere sech fir d’EM 2027. Et dierf een deemno gespaant sinn, ob et dann dës Kéier fir d’FLBB-Dammen duergeet.
Am Juli war d’WM am Schwammen zu Singapur. De Ralph Daleiden Ciuferri konnt zwee nei national Rekorder opstellen. Den 22 Joer alen Athlet vum Swimming Luxembourg konnt säin eegene Rekord iwwer 100-Meter-Freestyle (Crawl) an der Staffel verbesseren an ass och iwwer 200-Meter-Freestyle (Crawl) an enger Zäit vun 1:47.74 Minutt en neie Rekord geschwommen. Schonn op der U23-Europameeschterschaft hat den 100-Meter-Freestyle-Spezialist mat senger 5. Plaz d’Bronzemedail ëm just 5 Honnertstel verpasst.
Den FC Déifferdeng 03 konnt sech an der Saison 24/25 e weidere Championstitel am nationale Futtball sécheren an dat mat enger klorer Avance op den zweeten UNA Strassen. Nieft dem Championstitel ass och d’Coupe op Déifferdeng gaangen. An der Finall huet een am Eelefmeterschéissen den F91 Diddeleng geklappt.
Och dës Saison ass de Club aus dem Minett Favorit op de Championstitel. Déifferdeng ass als Hierschtmeeschter an d’Wanterpaus gaangen.
Vun der Saison 2026 u kënnen all d’Red-Bull-Athleten an allen Ausdauersportaarten op d’Erfarung vum Lëtzebuerger Trainer Dan Lorang zeréckgräifen. De 45 Joer alen Trainer war an de leschte Jore Chef vum Coaching-Team vun der Vëlosekipp Red Bull – BORA – hansgrohe. A senger neier Roll wäert hie vun 2026 alleguer d’Sportler, déi bei Red Bull ënner Kontrakt stinn, begleeden.
De Lando Norris huet d’Formel-1-Saison 2025 fir sech entscheet an ass Weltmeeschter ginn. Mat konstante Leeschtungen a wichtege Victoiren iwwer d’ganzt Joer konnt hie sech géint seng Konkurrenten duerchsetzen. McLaren huet domat eng aussergewéinlech Saison gekréint an hir staark Entwécklung bestätegt. Den Titel vum Norris gëllt als verdéngten Ofschloss vun enger spannender an intensiver Saison.
De Charel Grethen ass dëst Joer seng lescht Course gelaf an huet domat seng aktiv Karriär ofgeschloss. Iwwer vill Joren huet hien d’Lëtzebuerger Liichtathletik mat staarke Leeschtungen an internationalen Optrëtter gepräägt. Hie gouf virun allem iwwer d'1500 Meter als kämpferesche Sportler bekannt. Bei den Olympesche Spiller zu Tokio a Japan huet hien de Sprong an d’Halleffinall gepackt, de wuel gréisste Moment a senger Karriär.
D’Häre vum Handball Diddeleng hunn et am European Cup bis an d'1/16-Finall gepackt. No 6 Partien op internationalem Plang war fir d’Ekipp vum Trainer Dusko Bilanovic awer Endstatioun. Den HBD huet sech am Retourmatch beim 29:32 géint HC Izvidac deier verkaf.
Och Bierchem an Déifferdeng stoungen an de 1/16-Finallen. D’Réiserbänner hunn awer och de Réckmatch géint Brno aus Tschechien verluer an Déifferdeng ass géint Nilüfer aus der Tierkei no der Néierlag am Allersmatch e Gläichspill am Retourmatch och net duergaangen, fir et an déi nächst Ronn ze packen.
De Grand-Duc Henri bleift och nom Trounwiessel Member vum internationalen olympesche Kommitee. Zanter ville Joren engagéiert hie sech am IOC fir d’Fërderung vum Sport an d’olympesch Wäerter. Hie representéiert dobäi net nëmme Lëtzebuerg, mee setzt sech och international fir Fairplay an Nohaltegkeet an. Seng weider Präsenz am IOC ënnersträicht déi déif Verbonnenheet mam Sport.
D’Jeanne Lehair ass bei der Wiel vun der Sportlerin vum Joer nëmme knapps hannert der Patrizia van der Weken gelant. Sportlech war et dat beschte Joer fir d’Triathletin. Si huet an der World Triathlon Championship Series zu Yokohama (Japan) den éischte Weltcup an hirer Karriär gewonnen. Fir e Podium bei der WM ass et bei der leschter Course leider net duergaangen. Et war awer eng insgesamt staark Saison vun der Sportlerin.
Bei de Spiller vun de klenge Länner hat den Alex Kirsch Heemvirdeel an Andorra, wou hien als Routinier eng wichteg Roll am Lëtzebuerger Team gespillt huet. Zanter 2019 fiert de Lëtzebuerger beim Team Trek-Segafredo a konnt sech do virun allem als staarke Klassikerfuerer an Equipier etabléieren. Fir d’Saison 2026 schléit hien en neit Kapitel op a wäert am Trikot vu Cofidis un de Start goen. De Wiessel markéiert eng nei sportlech Erausfuerderung a senger Karriär.
De Leandro Barreiro huet fir säin aktuelle Club Benfica Lissabon an de leschte Méint zwee Goler an der Champions League geschoss. Och an der Lëtzebuerger Nationalekipp hëlt hien eng wichteg Roll an, wou hie mat senger Dynamik a senger Erfarung d’Mëttelfeld präägt. Seng konstant Leeschtunge maachen hien zu engem Schlësselspiller fir Veräin an Nationalekipp.
D’Marie Schreiber ass den Ament déi beschte Cyclistin zu Lëtzebuerg. Bei den U23-Dammen huet si dëst Joer eng Sëlwermedail bei der Weltmeeschterschaft am Cyclocross gewonnen an domat e grousse Succès gefeiert. Mat dësem Resultat huet si sech och op internationalem Niveau an der Weltspëtzt etabléiert. Hir Leeschtungen ënnersträichen hiert grousst Potenzial fir d’Zukunft.