
Beim Tour de Luxembourg 2025 war de Brandon McNulty dee Stäerksten. D’Etappe goufe gewonne vu Romain Grégoire, Mathieu Kockelmann, Mattias Skjelmose an Ethan Hayter. D’Victoire vum Lëtzebuerger Mathieu Kockelmann op der 2. Etapp war ee vun den Highlights vun dëser Editioun.
De Gerson Rodrigues war dëst Joer vill am Gespréich, dat net wéinst senge Leeschtungen um Terrain, mee duerch säi Verhalen nieft dem Terrain. De Futtballspiller gouf verurteelt, well e seng deemoleg Frëndin geschloen huet. D’Futtballfederatioun hat och keng glécklech Hand an huet duerch hir Reaktioun fir Protester an Onverständnis gesuergt. A villen Hisiichte war dat eng onméiglech Situatioun, déi dem Image vum Lëtzebuerger Futtball geschuet huet. Gläichzäiteg huet de Fall eng wichteg gesellschaftlech Debatt iwwer Verantwortung, Virbildfunktioun a géint Gewalt ausgeléist.
Paris Saint-Germain huet an der Saison 2024/25 d’Champions League gewonnen an domat Geschicht geschriwwen. An der Finall zu München huet de PSG eng impressionnant Leeschtung gewisen an Inter Mailand kloer mat 5:0 geschloen. Et war eng dominant Virféierung, bei där d’Fransousen dem Match vun Ufank bis Enn hire Stempel opgedréckt hunn.
De Ruben Querinjean war déi positiv Iwwerraschung vum Joer 2025. Am Juli huet hie bei de World University Games zu Bochum d’Course iwwer 3.000 Meter Steeple gewonnen a mat 8:18,46 Minutten en neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt. E puer Woche méi spéit huet hie beim Memorial Van Damme mat 8:09,47 Minutte seng éischt Course bei enger Manche vun der Diamond League fir sech entscheet. Mat dëse staarke Leeschtungen huet hie sech an der internationaler Spëtzt etabléiert.
Den Nicolas Wagner gouf 18. bei der Europameeschterschaft a konnt domat en historescht Resultat erreechen. Et war nämlech déi éischte Kéier, datt e Lëtzebuerger sech fir d’Kür bei enger EM qualifizéiert huet. Mat senger Leeschtung huet hien en neit Kapitel fir de Lëtzebuerger Sport opgeschloen.

De Jeff Strasser gouf méi séier wéi erwaart neie Futtball-Nationaltrainer. De Luc Holtz krut eng Offer vum SV Waldhof Mannheim. Ënnert dem Jeff Strasser konnt d’Nationalekipp nach kee Match gewannen. De sportlechen Highlight waren déi zwou Partië géint Däitschland, déi d’Rout Léiwe mat 0:4 respektiv 0:2 verluer hunn.
Den Tadej Pogačar huet d’Saison 2025 am Cyclissem dominéiert a bal alles gewonnen, wat et ze gewanne gouf. Mat Victoirë beim Tour de France, Monumenter oder Etappecourssen huet hien der Konkurrenz kaum eng Chance gelooss. 2026 kann hien d’Grande Boucle eng fënneft Kéier gewannen.
Bei der UEFA Women’s EURO an der Schwäiz konnt sech England an enger spannender Finall am Eelefmeterschéisse géint Spuenien duerchsetzen. D’EM-Matcher waren duerch d’Bänk ewech gutt bis ganz gutt besicht. D’Turnéier huet fir vill Begeeschterung bei de Fans gesuergt. Et war am Ganze gesinn e grousse Succès an e weidere wichtege Schrëtt fir de Futtball bei den Dammen.
D’Patrizia van der Weken ass fir déi drëtt Kéier hannerteneen zur Sportlerin vum Joer gewielt ginn. Am Ufank vum Joer ass hir e grousse sportlechen Exploit gelongen, wéi si bei der Indoor-Weltmeeschterschaft an der Indoor-Europameeschterschaft jeeweils eng Bronzemedail iwwer 100 Meter gewonnen huet. Domat huet si Geschicht fir d’Lëtzebuerger Liichtathletik geschriwwen an och international fir Opmierksamkeet gesuergt.
Den Andy an de Fränk Schleck gi back to the roots a sinn nees beim Team Lidl-Trek aktiv. Den Andy Schleck iwwerhëlt eng Top-Funktioun am Management, wärend de Fränk Schleck schonn als sportleche Responsabel am Dammecyclissem schafft. Domat komme béid Bridder nees bei hir sportlech Wuerzelen zeréck.
Nieft Talent a Konditioun muss am Sport och de Kapp matmaachen. Den X-Faktor vun der mentaler Stäerkt an dem aussergewéinleche Kampfgeescht ass dëst Joer der Lindsey Vonn am Schi-Alpin voll opgaangen. Trotz Knéiverletzunge konnt si mat grousser Wëllenskraaft nees vir matfueren, huet nees eng Descente am Weltcup gewonnen a kéint am Februar mat iwwer 40 Joer bei den Olympesche Wanterspiller an Italien ëm d’Medaile matfueren.

D’Lea Tonus zielt am Bouschéissen mat hiren 18 Joer am Compound zu de weltwäit beschten Nowuesstalenter an hirer Altersklass. Den Enzo Duarte ass mat 16 Joer scho Stammspiller an der U19 vu Borussia Dortmund. Béid hunn duerch hir aussergewéinlech Leeschtungen op sech opmierksam gemaach a goufen dofir als Nowuesstalenter bei der Sportleréierung ausgezeechent.
Fir déi meescht Sportlerinnen a Sportler sinn d’Olympesch Spiller de grousse Rendez-vous vun hirer Karriär. Ufank 2026 stinn d’Wanterspiller an Italien um Programm. Zwee Joer méi spéit 2028 ginn d’Summerspiller zu Los Angeles organiséiert.