
E Mëttwoch den Owend ass a verschiddene Länner an Europa de Ball gerullt. A Frankräich gouf et fir de PSG ënnert dem neien Trainer Pochettino keng Victoire. Metz huet iwwerdeems géint Bordeaux 0:0 gespillt.
An England huet no Tottenham och Manchester City den Ticket fir d’Finall vum League Cup geléist.
A Spuenien huet sech Atlético Madrid an der Copa del Rey blaméiert.
An an Italien huet den AC Mailand säin éischte Match an dëser Saison verluer.
Saint-Étienne - PSG 1:1
1:0 Hamouma (19'), 1:1 Kean (22')
De Mauricio Pochettino huet um 18. Spilldag bei senger Première op der Trainerbänk vum PSG eng Victoire verpasst. De franséische Champion ass beim Rekordmeeschter Saint-Étienne net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. De Réckstand an der Tabell op de Leader Lyon ass doduerch op 3 Punkte gewuess.
De PSG ass fir d’éischt am Match engem Réckstand hannendrunn gelaf. An der 19. Minutt hat den Hamouma seng Ekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. Kuerz drop huet d’Ekipp vum Pochettino awer zeréckgeschloen an duerch de Kean op 1:1 ausgeglach. De PSG konnt sech duerno net entscheedend duerchsetzen, sou datt et beim Remis bis zum Schluss bliwwen ass.
Metz - Bordeaux 0:0
De Resümmee vum Match Metz géint Bordeaux kënnt Dir bei de Kolleege vum 5minutes noliesen.
Lyon - Rennes 3:2
1:0 Depay (39'), 2:0 Depay (46', Selbstgol), 3:0 Depay (52', Eelefmeter), 3:1Sotoca (56'), 3:2 Doucoure (89')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Manchester United - Manchester City 0:2
0:1 Stones (50'), 0:2 Fernandinho (83')
Manchester City steet an der Finall vum League Cup. D’Ekipp vum Guardiola huet sech am Stadderby mat 2:0 behaapt. An der Finall kritt een et mat Tottenham ze dinn, si hate sech schonn en Dënschdeg mat 2:0 géint den Zweetligist FC Brentford duerchgesat.
ManCity huet d’Coupe an England zanter 2016 véiermol gewonnen. Nëmme Manchester United huet dës Serie 2017 ënnerbrach.
AC Mailand - Juventus Turin 1:3
0:1 Chiesa (18'), 1:1 Calabria (41'), 1:2 Chiesa (62'), 1:3 McKennie (76')
De Leader an der Serie A AC Mailand huet e Mëttwoch den Owend um 16. Spilldag géint de Champion Juventus Turin seng éischt Partie an dëser Saison verluer. Géint déi ënnert anerem ganz staark Spiller Dybala a Chiesa war kee Kraut gewuess. Fir d’Juve sinn et dräi wichteg Punkten, de Veräin verbessert sech op déi drëtte Plaz. Den AC bleift iwwerdeems un der Spëtzt, well Inter Mailand och verluer huet.
Sampdoria Genua - Inter Mailand 2:1
Sanchez (12', Eelefmeter net verwandelt), 1:0 Candreva (23', Eelefmeter), 2:0 Baldé (38'), 2:1 de Vrij (65')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga: Bilbao - Barcelona (2:3)
1:0 Williams (3'), 1:1 Pedri (14'), 1:2 Messi (38'), 1:3 Messi (62'), 2:3 Muniain (90')
An engem Nodrosmatch vum 2. Spilldag huet Barcelona verdéngt mat 3:2 zu Bilbao gewonnen a steet elo op der drëtter Plaz an der Tabell. De Messi huet säi bis ewell beschte Match an dëser Saison gemaach.
Mam Marcelino als neien Trainer ass Bilbao am Ufank ganz offensiv opgetrueden an huet Barcelona kräfteg ënner Drock gesat. An der drëtter Minutt huet et dann och eng éischte Kéier gerabbelt. De Williams huet d’Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht. Och nom Gol huet Bilbao weider monter no vir gespillt, ma och Barcelona hat ganz geféierlech Chancen. An der 14. Minutt hunn d’Gäscht dunn duerch de Pedri op 1:1 ausgeglach. Kuerz virun der Paus ass Barcelona no enger Partie ganz gudde Chancen duerch e Gol vum Messi verdéngt mat 2:1 a Féierung gaangen.
No der Paus huet Bilbao nees mat Drock ugefaangen, ma net genee esouvill wéi an den éischte 45 Minutten. Sou war et dann och Barca, dat an der 62. Minutt duerch e weidere Gol vum Messi d’Féierung op 3:1 ausgebaut huet. Bilbao konnt an de leschte Sekonnen duerch e Gol vum Muniain nach op 2:3 verkierzen, ma um Resultat sollt sech duerno näischt méi änneren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La LigaCopa del Rey: UE Cornellà - Atlético Madrid 1:0
1:0 Jimenez (7')
Atlético Madrid huet sech an der spuenescher Coupe e Mëttwoch den Owend blaméiert. De Leader an der La Liga huet an der zweeter Ronn géint den UE Cornellà aus der drëtter Divisioun mat 0:1 de Kierzere gezunn an ass domadder eliminéiert. Den Adrian Jimenez hat an der Ufangsphas de Gol vum Dag (7') géint den Atlético geschoss, dee bis ewell zéngmol d’Coupe a Spuenien gewonnen huet - fir d’lescht 2013.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga