
E Freideg den Owend war den Optakt vum 23. Spilldag an der däitscher Bundesliga an an der Ligue 1 a Frankräich steet den neien Trainer vun Olympique Marseille fest.
Werder Bremen - Eintracht Frankfurt 2:1
0:1 Silva (9'), 1:1 Gebre Selassie (47'), 2:1 Sargent (62')
Zanter dem 11. Dezember hat Eintracht Frankfurt keng Partie an der Bundesliga méi verluer. E Freideg den Owend konnt Werder Bremen dës Serie stoppen.
Am Ufank hat nach alles gutt fir Frankfurt ausgesinn. Schonn an der 9. Minutt waren d’Gäscht duerch de Silva mat 1:0 a Féierung gaangen. An den zweete 45 Minutte konnt dunn awer d’Ekipp vum Kohfeldt d’Partie dréinen. Nëmmen zwou Minutten no der Paus huet d’Lokalekipp duerch de Gebre Selassie op 1:1 gesat. An der 62. Minutt huet d’Bremen dunn d’Partie komplett gedréint an de Sargent huet den decisiven 2:1 geschoss. Déi Frankfurter konnten duerno net méi reagéieren, sou datt si mat 1:2 géint Werder de Kierzere gezunn hunn.
An der Ligue 1 war et e Freideg den Owend d’Nouvelle, datt de fréieren argentineschen Nationaltrainer Jorge Sampaolo neien Trainer vum franséische Spëtzeveräin Olympique Marseille ass. Dat huet de Veräin, dee bis ewell néng Mol franséische Champion war, matgedeelt.
De 60 Joer alen Trainer gëtt domadder den Nofollger vum Andre Villas-Boas. Hie war Ufank Februar entlooss ginn.
Donieft huet den Olympique-Besëtzer Frank McCourt de President Jacques-Henri Eyraud erausgehäit. Zanter Wochen haten d’OM-Supporter géint deen zu Paräis gebuerenen Eyraud protestéiert. Hie gëtt ersat duerch de Sportdirekter Pablo Longoria.
Marseille huet an der Ligue 1 schonn 20 Punkte Retard op de Leader Lille.