F91 Diddeleng"Eist Zil ass et, europäesch ze ginn"

Franky Hippert
Dat seet den neie President vum F91 Diddeleng, de Gerry Schintgen, am RTL-Interview.

No 3 Méint Paus, duerch d’Covid-Mesuren, dunn duerch d’Diskussioune ronderëm d’Schnelltester an elo an de leschten Deeg och duerch d’Wieder- an Terrainskonditiounen, soll et awer e Mëttwoch den Owend definitiv an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball weidergoen. Et stinn zwee Nodrosmatcher um Programm, ënnert anerem och RM Hamm Benfica géint Diddeleng. De Franky Hippert mat 3 Grënn firwat deen “neien” F91 awer och an dëser Saison nach ëmmer ganz uewen an der Tabell steet.

F91 Diddeleng/Reportage Franky Hippert

Nees e richtegt Clubliewen, Teamgeescht bei der éischter Ekipp a gutt Transferten, dat huet wuel ausgemaach, datt de 15-fache Champion och no der Ära Flavio Becca dës Saison nees Tabelleleader ass. De Comité mat un der Spëtzt dem neie President Gerry Schintgen huet d’Nuebelschnouer mam Mäzen vun de leschten 20 Joer duerchtrennt.

Ech sinn zu 100 Prozent Diddelenger. An effektiv mir hu ganz nei ugefaangen am Summer. Mir hunn en neien Trainerstaff kritt. An et ass einfach vun Ufank u gelaf.

Ee Mann, deen op sportlechem Plang fir den aktuelle Succès steet, den F91 steet no 9 Spilldeeg mat engem Match manner ganz uewen an der Tabell mat 21 Punkten, ee virun der Fola, ass de Carlos Fangueiro. Do freet ee sech natierlech, wat ass dem 44 Joer alen Trainer säi Secret.

Et ass einfach. Vum 1. Dag un hunn ech gesot, datt dat Wichtegst de Grupp ass an net deen Eenzelen, a wa mer e staarke Grupp sinn, ass et och méi einfach, de Grupp ze geréieren.

Beim neien F91 huet een dës Saison e gesonde Mix aus jonken, talentéierten Lëtzebuerger a gudden auslännesche Spiller. Eng Recrue, déi richteg ageschloen huet, ass de 24 Joer ale Rietsverdeedeger Kevin van den Kerkhof aus Frankräich, dee fir d’lescht bei Charleroi gespillt hat.

Ech war nei, ech wousst net, wat mech géif erwaarden, mä den Trainer huet et verstanen, e gudde Grupp ze maachen. Mir si wéi eng Famill an dofir sti mir dann och uewen an der Tabell.

Den F91 hat eréischt um leschte Spilldag virun der Covid-Ënnerbriechung Punkten hänkegelooss, dat war am November bei der 1:2-Defaite zu Hueschtert. E Mëttwoch den Owend um 20 Auer ass et dann den Duell tëscht den Extremen an der Tabell, wann de leschten RM Hamm Benfica géint den éischten Diddeleng spillt. Ëm déi Auerzäit gëtt e Mëttwoch och nach de Match tëscht dem Progrès Nidderkuer an Hesper ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO