Lëtzebuerger Futtballer am AuslandEldin Dzogovic bei Succès vu Magdeburg agewiesselt

RTL Lëtzebuerg
An der 2. Bundesliga krut de jonke Lëtzebuerger ronn 30 Minutte Spillzäit. Fir de Leandro Barreiro ass et an der 1. Bundesliga net gutt gelaf.
© KLAUS-DIETMAR GABBERT/dpa Picture-Alliance via AFP

An der Nuecht op e Méindeg huet den New York City FC mat 0:2 géint Minnesota verluer. De Maxime Chanot souz bei der Defaite vu senger Ekipp op der Bänk. Den New York City FC steet mat 26 Punkten op der 13. Plaz an der Eastern Conference.

Sonndeg

Um 2. Spilldag an der tierkescher Süper Lig huet de Gerson Rodrigues säin éischte Gol markéiert. Sivassport huet zu Gaziantep mat 3:1 gewonnen. De Lëtzebuerger huet an der 84. Minutt fir d’Gäscht markéiert.

Den Eldin Dzogovic gouf bei der 4:2-Victoire vu Magdeburg zu Kiel an der 64. Minutt agewiesselt. Kuerz drop huet Magdeburg den 3:2 markéiert an an der Nospillzäit ass den entscheedende 4. Gol gefall.

Mainz huet an der héchster Divisioun mam Leandro Barreiro 1:4 bei Union Berlin verluer. De Lëtzebuerger huet de Match duerchgespillt a krut an der 80. Minutt déi giel Kaart gewisen.

An Éisträich gouf et e 0:0-Remis tëschent Austria Wien an dem Wolfsberger AC. De Marvin Martins war net am Kader, well hie wéinst enger rouder Kaart nach gespaart war.

An der 2. Liga huet den Dirk Carlson mat St. Pölten 3:0 beim Kapfenberger SV gewonnen. Den Ofwierspiller stoung de ganze Match um Terrain.

Fir de Vincent Thill gouf et mat Sabah Baku en 1:1-Remis géint Neftçi Baku. De Mëttelfeldspiller war de ganze Match am Asaz an huet an der 65. Minutt déi giel Kaart gewise krut.

Den Alessio Curci huet an der 2. belscher Divisioun mat Francs Borains 2:5 bei der U23 vu Genk verluer. De Lëtzebuerger gouf an der 86. Minutt agewiesselt.

Samschdeg
An der däitscher Bundesliga gouf e Samschdeg och gespillt, wou sech ënnert anerem Leverkusen géint Leipzig an Freiburg géint Hoffenheim konnt duerchsetzen. An der Premier League gouf et eng Victoire fir Liverpool géint Bournemouth.

Waldhof Mannheim konnt um 2. Spilldag seng 1. Punkten an der neier Saison feieren. Alles an allem wäerte Jans a Co. awer enttäuscht sinn, louch een dach an der Paus mat 2:0 géint Lübeck a Féierung. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp ass an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent no engem Eckball am Réckraum zum Schoss komm an huet esou den 2:0 fir Mannheim markéiert. Lübeck ass an deenen zweete 45. Minutten ëmmer méi staark ginn, sou dass sech béid Ekippe mam 2:2-Gläich mussen zefridde ginn. De Laurent Jans stoung déi 90. Minutten um Terrain.

Borussia Mönchengladbach huet an enger verréckter Partie, bei där d’Fohlen tëschenzäitlech mat 3:1 a Féierung louchen, um Enn nach 4:4 zu Augsburg gespillt. Bis zur 96. Minutt louch Gladbach awer mat 3:4 am Réckstand. Den agewiesselte Lëtzebuerger Nationalspiller Yvandro Borges ass am Strofraum vum Augsburger Varagas gefoult ginn. Et gouf Eelefmeter fir Gladbach. An dës Chance huet sech de Cvancara net entgoe gelooss, sou dass de Match mat 4:4 op en Enn geet.

Köln, bei deenen de Mathias Olesen an der zweeter Hallschent fir de Kainz an de Match komm ass, verléiert no enger gudder Leeschtung um Enn knapp mat 0:1 zu Dortmund. Detailer zum Match an der däitscher Bundesliga fannt dir hei.

© AFP

An der 2. Däitscher Bundesliga huet um Samschdeg St. Pauli mam Danel Sinani, deen an der 46. Minutt fir den Afolayan agewiesselt gouf, 0:0-Gläich bei Greuther Fürth gespillt. An enger turbulenter Schlussphas huet et dono ausgesinn, wéi wann den Albert an der 6. Minutt vun der Nospillzäit de Lucky Punch markéiert hätt, säi Gol sollt awer wéinst Abseits annuléiert ginn. St. Pauli huet no 3. Spilldeeg 5 Punkten um Konto a bleift weider ongeschloen.

An Norwegen an der 2. Liga huet um 19. Spilldag Kongsvinger, bei deenen de Lars Gerson 90 Minutten op der Bänk souz, 3:3 géint Sogndal gespillt. Kongsvinger steet trotz dem Gläichspill weider op der 1. Plaz an der Tabell.

Iwwerdeems stoung de Seid Korac an der 1. Liga a Schweden bei der 1:2-Néierlag vu senger Ekipp Degerfors géint Göteborg 90 Minutten um Terrain.

De Florian Bohnert verléiert an der Ligue 2 a Frankräich mat Bastia 2:1 zu Amiens. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.

Freideg
2. Bundesliga: Kaiserslautern - Elversberg 3:2

De Lëtzebuerger Raphael Duarte (Co-Trainer) beim SV Elversberg hat kee gudde Start an den Owend. De Kevin Kraus huet an der 21. Minutt den 1:0 fir Kaiserslautern geschoss, dat duerch en Eelefmeter. Puer Minutte virdrun, hat de Kraus eigentlech scho via Kappball fir Lautern getraff, dee Gol gouf awer no Videobeweis annuléiert wéinst Abseits. Bei där Kontroll vun der Abseitspositioun, gouf dunn awer och en Handspill festgestallt, wouduerch et dunn zur skurriller Situatioun koum, dass de Gol net gezielt huet, dofir awer en 11m gepaff gouf. Deen huet de Kraus du sécher verwandelt. Elversberg hat an der 26. Minutt eng riseg Chance op den Ausgläich, ma de Kappball vum Carlo Sickinger ass iwwert de Gol gaangen. Elversberg hat an der 1. Hallschent zwar méi Ballbesëtz, ma déi méi geféierlech Golchancë konnt den FCK sech awer erausspillen.

An der zweeter Hallschent ass et direkt fulminant lassgaangen, well et huet just 2 Minutte gedauert, bis de Manuel Feil op 1:1 konnt fir Elversberg ausgläichen. An der 62. Minutt du konnt de Sahin no engem Doppelpass mam Faghir am Strofraum ofzéien an de Ball ass flaach ënne lénks eragaangen. Domat war Elversberg mat 2:1 vir zu Kaiserslautern.

D’Freed huet awer net laang ugehalen, well an der 68. Minutt huet den Ache no enger Flank vum Zimmer aus kuerzer Distanz konnten op 2:2 ausgläichen, dat duerch e Kappball. De Match war domat nees komplett op an et konnt ee keng Prognos maachen, wien hei eventuell nach en decisive Gol schéisse kann. An der 79. Minutt dunn huet de Jean Zimmer mat engem Volleyschoss Kaiserslautern nees a Féierung bruecht.

Och déi 6 Minutten Nospillzäit, déi nach op d’Auer dobäi komm sinn, hunn dem SV Elversberg net gehollef, fir nach emol auszegläichen. Domat huet Kaiserslautern seng éischt 3 Punkten an dëser Saison a ka sech vun der leschter Plaz an der Tabell provisoresch bis op Plaz 11 no vir schaffen. Elversberg rutscht erof op Plaz 14 a bleift bei 1 Punkt aus 3 Matcher.

SV Wehen Wiesbaden - Karlsruher SC 1:0
Am zweete Match vum Owend huet Wiesbaden 1:0 géint Karlsruhe gewonnen. Doduerch klotert SV Wehen Wiesbaden op Plaz 1 an der Tabell, dat mat 7 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO