
Op engem turbulentem 1. Spilldag sinn um Samschdeg eleng an der 1. Hallschent bei deene 5 Matcher ganzer 15 Goler gefall. Virun allem tëscht Augsburg a Gladbach hat een den Uschäin, dass béid Formatiounen ouni Defenseur um Terrain stoungen. Um Enn spille béid Ekippe 4:4-Gläich. De Lëtzebuerger Yvandro Borges gouf no 86 Minutten agewiesselt an huet an der Nospillzäit een Elefmeter erausgeholl an huet esou de Grondstee fir den Ausgläich fir Gladbach geluecht.
Schonn e Freideg den Owend war et den Optakt vun der neier Saison. Hei konnt sech den Titelverdeedeger aus München mat 4:0 zu Bremen duerchsetzen.
Am Spëtzematch um 1. Spilldag tëscht Leverkusen an dem Super-Cup Gewënner RB Leipzig hunn d’Spectateuren an der Ufanksphase een ausgeglachene Match gesinn. Nodeems Leverkusen an der 24. Minutt duerch de Frimpong a Féierung gaangen ass, huet d’Ekipp vum Xabi Alonso lues awer sécher d’Iwwerhand gewonnen a Leipzig houng an der Loft. Nodeems den Tah per Eckball den 2:0 markéiere konnt, ass et Leipzig duerch den Olmo awer nach virun der Paus gegkleckt den Uschloss ze schéissen. Alles an allem huet bei Leipzig awer déi néideg Sprëtzegkeet gefeelt. Sou war et dann och net verwonnerlech dass Leverkusen duerch e Gol aus der Distanz duerch de Wirtz an der 64. Minutt mat 3:1 a Féierung gaangen ass. Leipzig huet wuel duerch den Openda nees verkierzt, sollt de Match awer mat 2:3 zu Leverkusen verléieren.
E Spektakel gouf et zu Augsburg. Gladbach, bei deenen de Yvandro Borges bis déi 86. Minutt op der Bänk souz, louch no 27. Minutten 2:0 a Féierung. En enger 1. Hallschent, bei deene béid Ekippe katastrophal Feeler an der Defense gemaach hunn, stoung et no 45. Minutten 3:3. An der 76. Minutt huet de Vargas d’Féierung fir d’Lokalekipp geschoss. An der 6 Minutt vun der Nospillzäit ass de agewiesselte Yvandro Borges am Strofraum gefoult ginn. De fällegen Eelefmeter huet de Cvancara sech net entgoe gelooss an esou geet e turbulente Match mat 4:4 op en Enn.
Stuttgart huet Bochum vun Ufank un keng Chance gelooss a gewënnt um Enn relativ däitlech a méi wéi verdéngt mat 5:0 géint den VFL. Nom Pokal-Out deemno kee gudden Optakt an d’Saison fir d’Ekipp aus dem Ruhrpott.
Hoffenheim, déi ouni de verletzte Weghorst hu missen untrieden, verléieren no engem 0:2 Pause Réckstand no 90 Minutte mat 1:2 géint Freiburg. D’Goler fir Freiburg hunn de Szalai (39') a Sallai (45+3') markéiert, den Uschloss fir Hoffenheim huet de Kabak (50') geschoss.
De VFL Wolfsburg louch duerch 2 Goler vum Wind relativ séier mat 2:0 a Féierung géint den Opsteiger Heidenheim, a gewënnt um Enn ouni gréisser Problemer mat 2:0.
Borussia Dortmund ka sech glécklech mat 1:0 géint Köln duerchsetzen. Am Verglach zum DFB-Pokal Match leschte Weekend stoung de Mathias Olesen net an der Startformatioun vum FC. An der 66. Minutt beim Stand vun 0:0 ass de Lëtzebuerger fir de Kainz an de Match komm.
Géint de FC huet sech de BVB iwwert de ganze Match immens schwéier gedoen. Köln stoung kompakt, an ass selwer ëmmer nees geféierlech virum Gol vun deene Schwaarz-Gielen opgedaucht. Beschte Chance hat den Davie Selke an der 17. Minutt, de Ball sollt awer just un d’Lat goen. Virun allem de Sebastien Haller krut Dortmund net an d’Spill integréiert. Kuerz viru Schluss konnt de Malen no engem Corner awer nach den 1:0 fir d’Lokalekipp markéieren, sou dass de BVB glécklech mat 1:0 géint Köln gewënnt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.