
Am fréien Owend iwwerrennt de Racing de Progrès aus der 2. Liga mat 11:0. Een änlecht Resultat huet Housen géint Rëmeleng realiséiert. Sie setzen sech mat 11:1 duerch.
De Match Ell géint Jonglënster ass réischt an der Nospillzäit entscheet ginn. Laang huet et dono ausgesi wéi wann de Match an d’Verlängerung misst goen, éier d’Malvaux an der 3 Minutt vun der Nospillzäit den 3:2 fir Ell markéiere konnt an esou de Sprong an déi nächste Ronn dach nach gepackt hunn.
De Sprong an d’Véierelsfinallen hunn och nach Mamer, Hesper, Beetebuerg an Déifferdeng gepackt.