E Sonndeg stoung nees de renomméierte Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck um Programm. No 259.5 Kilometer war et den Tadej Pogacar, dee sech en solitaire duerchsetze konnt. Op déi zweet Plaz ass de Paul Seixas gefuer, dee sech nach bis 15 Kilometer viru Schluss mam Weltmeeschter un der Spëtzt duelléiert hat. Déi drëtt Plaz war fir de Remco Evenepoel.
Beschte Lëtzebuerger gouf de Mats Wenzel, dee laang mat am viischten Deel vum Peloton ënnerwee war an um Enn mat engem Ecart vun 5:33 Minutten de 47. ginn ass. De Kevin Geniets an de Bob Jungels sinn d'Course net op en Enn gefuer.
Fir den éischten Deel vun der Course huet sech de Peloton an zwee gréisser Deeler gespléckt, woubäi de viischte Grupp deels mat enger héijer Vitess ënnerwee war, där net all Coureur all ze laang mathale konnt. No ronn 150 Kilometer huet sech dann den hënneschte Peloton awer nees dem aneren Deel ugeschloss. Och déi véier Coureuren, déi sech un der Spëtzt e knappen Ecart opgebaut haten, goufe kuerz drop nees ageholl. An engem liicht deziméierte Peloton, an deem de Mats Wenzel als eenzege Lëtzebuerger nach dobäi war, ass et also Richtung Arrivée gaangen.
35 Kilometer virun der Arrivée huet ee gemierkt, datt de Remco Evenepoel Schwieregkeeten hat, vir am Grupp matzehalen. Dat huet och en Tadej Pogacar matkrut, deen dovun natierlech profitéiert huet an eng Attack lancéiert huet. Just den 19 Joer ale Paul Seixas konnt um Weltmeeschter drubleiwen. Mat deenen Zwee un der Tête de la Course ass et an d'Schlussphas gaangen, wou ronn 14 Kilometer viru Schluss de jonke Fransous dann awer lassloosse misst. Dem Tadej Pogacar war d'Victoire duerno net méi ze huelen. Um Enn feiert de Slowen d'Victoire vum Klassiker virum Paul Seixas.
1. POGACAR Tadej 5:50:28
2. SEIXAS Paul 0:45
3. EVENEPOEL Remco 1:42
4. VERSTRYNGE Emiel ,,
5. BERNAL Egan ,,
6. BILBAO Pelle ,,
7. GRÉGOIRE Romain ,,
8. SCARONI Christian ,,
9. JOHANESSEN Tobias Halland ,,
10. ZANA Filippo ,,
47. WENZEL Mats 5:33
DNF JUNGELS Bob
DNF GENIETS Kevin