Léck - Baaschtnech - LéckPogacar, Evenepoel, Seixas oder awer en aneren?

RTL Lëtzebuerg
Kann den Tadej Pogacar sech erëm duerchsetzen? D'Konkurrenz ass gutt preparéiert. Mat um Depart sinn och 3 lëtzebuergesch Coureuren.
De Gewënner vun zejoert Tadej Pogacar gehéiert erëm zu de grousse Favoritten
© LUCA BETTINI / POOL / AFP

Dëse Sonndeg gëtt déi 112. Editioun vu "La Doyenne" gefuer. D'Vëlos-Experte si sech eens, datt de Weltmeeschter Tadej Pogacar besonnesch staark Konkurrenz kritt. Mam Belsch Remco Evenepoel, deen des Course 2022 an 2023 konnt gewannen, an dem Fransous Paul Seixas, dee mat sengen 19 Joer leschte Mëttwoch d'Flèche Wallonne gewonnen huet, sinn zwee Coureure mat um Depart, déi dem Sloween den Aarm kéinte béien. 2024 hat de Seixas dës Course nach bei de Juniore gewonnen a gëtt a Frankräich schonn als potenzielle Vainqueur vum Tour de France gehandelt. Physesch schéngt et beim Seixas wéineg Grenzen ze ginn an Experten no ass hie vu senge Kapazitéite schonn no un deene vum Pogacar drun.

Den Tom Flammang mat engem Preview op d'Course vun dësem Sonndeg
Léck - Baaschtnech - Léck: Kann den Tadej Pogacar sech erëm duerchsetzen? D'Konkurrenz ass gutt preparéiert. Mat um Depart sinn och 3 lëtzebuergesch Coureuren.

Wien huet nach eng Chance?

De Britt Tom Pidcock kënnt aus dem Tour of the Alps an ass no enger Verletzung nees erstaunlech séier fit, dat huet hie mat enger Etappevictoire an dëser Course ënnerstrach. 2023 war hien hannert dem Remco Evenepoel den Zweete ginn. Och den Dän Mattias Skjelmose ass a gudder Form a kann iwwer déi 259,5 Kilometer laang Course eng interessant Roll spillen. Mam Romain Grégoire ass e weidere Fransous mat Chancen op e Podium um Depart. Bei der Amstel Gold Race war hie leschte Weekend als Véierten eng staark Course gefuer.

D'Lëtzebuerger an der Course

Mam Bob Jungels ass e fréiere Vainqueur vun der Course um Depart. 2018 war de Bob Jungels als Solist als éischten iwwer d'Arrivée gefuer. De Coureur vun INEOS Grenadiers ass a gudder Form virum Giro d'Italia an hat e Mëttwoch an der Flèche Wallonne puermol aus dem Peloton eraus mat attackéiert. De Kevin Geniets ass et Mëttwoch gefall a gehéiert bei Groupama-FDJ zu de wichtegste Léit ronderëm de Romain Grégoire. De Coureur, deen am Schëfflenger Club forméiert ginn ass, dierft laang un der Säit vu sengem Kapitän kënne fueren. Fir de Mats Wenzel geet en Dram an Erfëllung. Seng spuenesch Ekipp krut eng Wildcard fir bei L-B-L dobäi ze sinn an et géif net verwonneren, wann den 23 Joer jonke Coureur an enger Echappée géif gesi ginn. Hie konnt rezent mat gudde Resultater an enger Victoire op sech opmierksam maachen.

Sou war et d'lescht Joer

Den Tadej Pogacar hat d'lescht Joer an der Redoute attackéiert an d'Konkurrenz hat de Weltmeeschter bis op Léck net méi ze gesi kritt. Hannendru gouf et, nodeems de Weltmeeschter fort war, taktesch. Um Enn waren den Italiener Ciccone an den Ir Healy mat um Podium. De Kevin Geniets hat sech als 52. klasséiert an de Bob Jungels war d'Course net op en Enn gefuer.

Liest och:

Back to Top
CIM LOGO