Futtball-WM 2022England am Grupp B als Favorit, ma wie packt et op d'Plaz 2?

RTL Lëtzebuerg
An den nächsten Deeg stelle mir iech déi 8 Gruppe vir. Am Grupp B sinn d'Englänner, Wales, d'USA an den Iran.
© RTL-Grafik

WM Virschau Grupp B / Jeff Kettenmeyer

England ass ëmmerhin den Halleffinalist vun der leschter WM 2018 a Russland an de Finalist vun der leschter Europameeschterschaft. Fir d’Englänner soll elo de nächste Schratt an deemno de grousse Coup mam Weltmeeschtertitel geléngen. Et wier no 1966 deen Zweeten.

Am englesche Kader ass mam Jude Bellingham awer just ee Spiller, dee net an der Premier League spillt, wéi den RTL-Expert Marc Oberweis erkläert. “Déi si ganz kloer iwwerspillt. Donieft weess een, datt de Futtball an England immens kierperlech ass. Deemno ginn et mat Sécherheet besser Viraussetzunge wéi déi, déi d’Englänner virun dëser WM hunn.”

Fir de fréiere Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp René Peters ass et keng Fro vu Qualitéit mä éischter vu Leadership. “Si hunn nieft Frankräich dee beschte Kader. Wat mir e bësse feelt, ass ee richtege Patron. Mam Bellingham probéiere se zwar elo sech selwer, esou een erunzeziichten, a si pushen hien an dës Roll, mä deen huet awer eréischt 19 Joer. Zu Dortmund hu se dee selwechte Problem an och do brauche se hien als Leader, mä hien ass logescherweis nach net ganz esou wäit. De Bellingham muss lues a lues do erawuessen.

Nieft England wäerte sech wuel d’USA an Wales ëm déi zweete Plaz streiden. De René Peters gesäit d’Amerikaner am Virdeel. “D’USA si fir mech déi zweet Kraaft, well Wales net méi grad esou staark ass. Si hunn e puer Spiller, déi méi al gi sinn, an och de Gareth Bale ass net méi op deem Niveau, deen hie mol hat. Dofir denken ech, datt d’Amerikaner et hannert den Englänner packen.

Als Aussesäiter ass och nach Iran an dësem Grupp B. Um éischte Spilldag kritt England et eben mam Iran ze dinn. An d’USA spille géint Wales.

Back to Top
CIM LOGO