Internationale FuttballEssen eliminéiert Leverkusen am DFB-Pokal, 9:0 tëscht Man United a Southampton

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Coupe konnte sech Essen, Kiel, Dortmund a Bremen behaapten. Eng batter Néierlag gouf et an England fir Arsenal.

Um Dënschdeg waren déi éischt véier Matcher vun den Aachtelsfinallen am DFP-Pokal an Däitschland. E Mëttwoch spillen nach Leipzig-Bochum, Wolfsburg-Schalke, Regensburg-Köln a Stuttgart-Mönchengladbach. An England goufe véier Partie vum 22. Spilldag ausgedroen.

DFB-Pokal

RW Essen - Bayer Leverkusen 2:1 (n.V.)
0:1 Bailey (105'), 1:1 Kefkir (108'), 2:1 Engelmann (117')

De Regionalligist aus Essen hat mam Géigner aus Leverkusen a richteg schwéiere Brocken doheem op Besuch. Ma dat ass net déi éischte Kéier fir déi Essener, déi an der leschter Ronn schonn Düsseldorf eliminéiert haten. Leverkusen war och am Match besser, haten däitlech méi Ballbesëtz an däitlech méi Golchancen, konnten dës awer an den 90 Minutten net notzen. Essen huet sech also an d’Verlängerung gekämpft, ma do huet kuerz virun der Paus de Bailey Leverkusen a Féierung bruecht. Ma Essen huet sech doheem net opginn a kuerz nom Säitewiessel huet de Kefkir den Ausgläich markéiert. No engem ofgeprallte Ball stoung hie goldrichteg, fir en einfache Gol ze schéissen. Fir Leverkusen sollt et dunn nach méi schlëmm kommen. 3 Minutte viru Schluss huet den Engelmann eng Flank vum Harenbrock konnten notzen, fir den 2:1 ze markéieren. Mat deem Resultat ass de Match dann och op en Enn gaangen.

Holstein Kiel - SV Darmstadt 98 2:1 (n.E.)
1:0 Serra (58'), 1:1 Dursun (86)

Eng weider Kéier huet Kiel misste bis an d’Eelefmeterschéisse goen, fir eng Ronn weider ze kommen. Géint Darmstad ware si no 58 Minutten a Féierung gaangen duerch e Gol vum Serra, ma kuerz viru Schluss huet den Dursun den Ausgläich markéiert. Et sollt weder an der regulärer Spillzäit nach an der Verlängerung e Gol falen, esou datt, wéi scho géint d’Bayern, de Match vum Punkt huet missten entscheet ginn. Nodeem béid Ekippen den éischte Penalty net markéiert haten, goufen dono 8 weiderer geschoss. Bei Darmstad huet den Skarke als 9. Mann net markéiert an de Lorenz vu Kiel huet dunn d’Nerve behalen a seng Ekipp eng Ronn weider geschoss.

Borussia Dortmund - SC Paderborn 3:2 (n.V)
1:0 Caen (6'), 2:0 Sancho (16'), 2:1 Justvan (79'), 2:2 Owusu (90'+8, p), 3:2 Haaland (95')

Dortmund hat laang als grousse Gewënner vun dësem Match ausgesinn, nodeem si schonn no 16 Minutten 2:0 a Féierung waren. Ma kuerz viru Schluss hat de Justvan seng Ekipp nach eng Kéier bäibruecht an esou gouf et nach interessant 15 Minutten. An der 95. Minutt vun der regulärer Spillzäithat alles dono ausgesinn, wéi wann den Haaland den 3:1 markéiert hätt, ma de VAR huet dëse Gol wéinst Abseits zeréckgeholl. Déi Dortmunder Spiller waren opbruecht an hu sech ee Feeler geleescht, deen zu engem Penalty gefouert huet. Den Owusu huet dësen an der 98. Minutt verwandelt an esou eng Verlängerung erzwongen. Dunn der 95. Minutt an der Verlängerung huet den Haaland säi Gol op Konter geschoss. Hei gouf et laang Diskussiounen an de VAR gouf net konsultéiert, ma den Arbitter huet vu sech aus op “Gol” entscheet. Déi Decisioun huet zu deem Ament an och grad nom Match fir vill Diskussioune gesuergt. Well den Arbitter awer de Gol ginn huet, huet deen dëse Match entscheet an Dortmund mat engem décke bloen Aen eng Ronn weiderkomm.

Werder Bremen - SpVgg Greuther Fürth 2:0
1:0 Möhwald (12'), 2:0 Agu (73')

Premier League

Wolverhampton Wanderers - Arsenal London 2:1
0:1 Pepe (32'), 1:1 Neves (45'+5), 2:1 Moutinho (49')

Et war kee gudden Dag fir Arsenal. An der 9. Minutt krute si wéinst dem VAR e Gol oferkannt wéinst Abseits an an der Nopsillzäit huet den Luiz rout gesinn no engem Foul an den Neves huet fir Wolverhampton vum Punkt markéiert. Dotëscht, an der 32. Minutt, hat de Pepe Arsenal a Féierung bruecht. Ma et sollt weider net lafen bei der Ekipp aus der Haaptstad, well kuerz nom Säitewiessel huet de Moutinho den 2:1 fir d’Wolfes markéiert. Mat engem Mann manner e Réckstand opzehuelen, ass scho schwéier, ma de Leno gouf no engem Foul an der 72. Minutt och vum Terrain gestallt. Esou datt Arsenal mat 9 Leit nach probéiert huet, de Match ze dréinen. Gelénge sollt hinnen dat awer net.

D’Ekipp aus der Haaptstad steet domadder aktuell op der 10. Plaz mat 31 Punkten. Si hunn zwar just 4 Punkte Réckstand op déi international Plazen, ma all d’Ekippe virun hinnen hunn tëscht engem an dräi Matcher manner gespillt wéi si.

Manchester United - FC Southampton 9:0
1:0 Wan-Bissaka (18'), 2:0 Rashford (25'), 3:0 Bednarek (34', sg), 4:0 Cavani (39'), 5:0 Martial (69'), 6:0 McTominay (71'), 7:0 Fernandes (88',p), 8:0 Martial (90'), 9:0 James (90'+4)

No 2 Minutten huet den Arbitter géi éischte Kéier missten an d’Täsch gräifen. De Jankewitz vun de Gäscht war ganz haart an en Zweekampf gaangen an den Arbitter huet hien doropshin direkt vum Terrain gesat. Esou huet den 11. aus der Tabell quasi de ganze Match misste géint den aktuellen zweeten an Ënnerzuel untrieden. Manchester United huet dëst knallhaart ausgenotzt, hat eng 75 Prozent vum Match de Ball an hat däitlech méi Golchancen, wéi de Géigner. An hir Chancen hu se genotzt, dat a Persoune vu Wan-Bissaka, Rashford, Cavani, Martial, Fernande, James a McTominay. Zanter der 86. Minutt wat Southamtpon och nach just 9 Spiller um Terrain. D’Victoire vun de Red Devils war hei zu kengem Ament a Gefor. Et ass déi zweethéchste Victoire an der Gesicht vum Veräin, 1956 konnt een an der Coupe vun de Landesmeeschter 10:0 géint Anderlecht gewannen, a si hunn hir Rekordvictoire an der Premier League vun 1994 géint Ipswich Town agestallt.

Sheffield United - West Bromwich Albion 2:1
0:1 Phillips (41'), Bogle (56'), Sharp (73')

Newcastle United - Crystal Palace 1:2

1:0 Shelvey (2'), 1:1 Riedewald (21'), 1:2 Chaill (25')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO