Fir den Ament sinn néng Sportler sécher dobäi bei den Olympesche Spiller zu Paräis, ma do kéinten der awer nach eng Partie dobäikommen. Um Enn kéint d’Lëtzebuerger Delegatioun aus 15 Sportler a Sportlerinne bestoen.
Virun engem Joer hat de Chef de mission vum COSL, Raymond Conzemius, eng Kéier 12 bis 15 Sportler an de Raum gehäit, ma datt dat elo wierklech Realitéit géing ginn, hätt hien deemools gehofft, ma net esou richteg erwaart. Déi gutt Performancë vun de Lëtzebuerger géinge weisen, datt sech eppes am Lëtzebuerger Sport géing doen.
Wat den organisatoresche Volet ugeet, hätt een alles am Grëff. De 17. Juli géing een op Paräis fléien an da géing ee konkreet gesinn, wat een op der Plaz géing erwaarden souwuel am organisatoreschen, wéi och am logistesche Beräich. Bis dohinner wier et elo awer virun allem wichteg, de Sportler dee Support ze ginn, dee se brauchen, fir dann op den Dag toppfit ze sinn, sou nach de Raymond Conzemius am RTL-Interview.
RTL-Artikel: Olympesch Spiller zu Paräis: Team Lëtzebuerg: Majerus an Daleiden dobäi
RTL-Artikel: D’Olympesch Flam ass fir déi 2. Kéier an der Geschicht zu Lëtzebuerg passéiert