Internationale FuttballEverton wënnt geckege Match no Verlängerung géint Tottenham

RTL Lëtzebuerg
Everton klappt Tottenham am FA Cup mat 5:4, Atalanta steet an der Finall vun der Coppa Italia a Barcelona verléiert an der Copa del Rey géint FC Sevilla.
© AFP

Am FA Cup an England konnt sech Everton an engem geckege Match mat 5:4 géint Tottenham no Verlängerung duerchsetzen, Manchester City hat keng Problemer mat Swansea an och Leicester a Sheffield stinn an der Véierelsfinall.

An der Coppa Italia ka sech Atalanta Bergamo am Réckmatch mat 3:1 géint Neapel behaapten a steet domadder an der Finall. Hei trëffen se op Juventus Turin.

Eng Néierlag huet Barcelona am Allersmatch an der Halleffinall vun der Copa del Rey mussen astiechen. Si verléieren mat 0:2 beim FC Sevilla.

Eng Ronn weider ass de PSG an der Coupe de France no enger knapper 1:0-Victoire zu Caen. Och Lille, Metz, Monaco a Marseille konnten sech fir d’Aachtelsfinalle qualifizéieren. Stroossbuerg huet sech misse géint Montpellier geschloe ginn.

FA Cup

Everton - Tottenham Hotspur 5:4
0:1 Sanchez (3.’), 1:1 Calvert-Lewin (36.’), 2:1 Richarlison (38.’), 3:1 Sigurdsson (43.’), 3:2 Lamela (45.+3.’), 3:3 Sanchez (57.’), 4:3 Richarlison (68.’), 4:4 Kane (83.’), 5:4 Bernard (97.’)

Tottenham ass gutt an de Match gestart a schonn no 3 Minutten huet et fir déi éischt kéier am Gol gerabbelt. No engem Corner vum Son konnt sech de Sanchez an der Mëtt vu sengem Géigespiller léisen an de Ball an de laangen Eck käppen. Och dono hat Tottenham gutt Chancen mee an der 36. Minutt war et awer Everton déi ausgläiche konnten. Bei engem Schoss vum Calvert-Lewin aus 15 Meter huet de Lloris guer net ausgesinn an de Ball ass fir den 1:1 am Gol gelant. Nëmmen 2 Minutte méi spéit stoung et op eemol 2:1 fir Everton. Aus 18 Meter huet de Richarlison de Ball flaach an de lénksen Eck geschoss. D’Gäscht haten de Réckstand nach net verkraaft an op eemol gouf et no Foul vum Höjbjerg Eelefmeter fir Everton a bei deem ass de Sigurdsson äiskal bliwwen. Wéi déi meescht Spiller mam Kapp schonn an der Paus waren, huet de Son de Ball op de Lamela gespillt an deen huet fir den 2:3 den Olsen iwwerwonnen.

Och no der Paus ass dëse Match mat genau sou vill Schwong weider gaangen wéi déi éischt opgehalen huet. An der 57. Minutt stoung et op eemol nees gläich wéi de Sanchez no engem Corner vum Son säin zweete Gol vum Owend schéisse konnt. Ab dësem Géigegol sinn d’Toffees awer nees besser an de Match komm a sinn no 68 Minutten nees eng kéier a Féierung gaangen. De Sigurdsson huet op de Richarlison duerchgestach a mat engem placéierte Schoss an de laangen Eck stoung et 4:3. D’Gäscht sinn awer weider dru bliwwen, waren och geféierlech an et war de Kane deen an der 83. Minutt, no enger weiderer Virlag vum Son, fir de 4:4 akäppe konnt.

Mat dësem 4:4 ass et an d’Verlängerung gaangen an an där konnt Everton fir den éischte Héichpunkt suergen. Mat engem ganz staarken Chip vum Sigurdsson an de Strofraum, stoung de Bernard ganz eleng virum Lloris an huet de Ball an de laangen Eck geschoss. Tottenham huet Drock gemaach an huet sech weider Chancen erausgespillt sou dat de Match bis zum Schluss héich spannend bliwwen ass. Mee e Gol sollt de Spurs net méi geléngen a soumat steet Everton an der nächster Ronn.

Swansea - Manchester City 1:3
0:1 Walker (30.’), 0:2 Sterling (47.’), 0:3 Gabriel Jesus (50.’), 1:3 Whittaker (77.’)

Wéi erwaart war Manchester City déi kloer dominant Ekipp an hat net vill Problemer mam Zweetligist aus Wales. An der 30. Minutt huet de Walker eng Flank an d’Mëtt geschloen, am Strofraum huet de Ferran Torres de Ball net getraff mee de Golkipper war sou irritéiert dat de Ball bis an de Gol duerchgerutscht ass. Swansea hat just eng gutt Chance an der éischter Hallschent.

No der Paus hat den Tabellenéischten aus der Premier League de Match séier entscheet wéi de Sterling an der 47. Minutt, no Virlag vum Rodrigo, de Ball aus 7 Meter an de Gol geschoss huet an nëmmen 3 Minutte méi spéit war et de Gabriel Jesus deen de Ball aus 5 Meter an de Gol hummere konnt. Mee d’Heemekipp huet sech awer net einfach esou opginn a konnt an der 77. Minutt duerch de Whittaker mat engem Schoss aus der Dréiung aus 14 Meter op 1:3 verkierzen. Trotz allem huet dëse Gol d’Gäscht net veronséchert, hunn de Match souverän op en Enn gespillt a wannen mat 3:1.

© AFP

Leicester City - Brighton & Hove Albion 1:0
1:0 Iheanacho (90.+4.’)

Sheffield United - Bristol City 1:0
1:0 Sharp (66.’, Eelefmeter)
Rout Kaart: Mawson (65.’, Bristol City)

Coppa Italia

Atalanta Bergamo - SSC Neapel 3:1
1:0 Zapata (10.’), 2:0 Pessina (16.’), 2:1 Lozano (53.’), 3:1 Pessina (78.’)

An den éischte 45 Minutten huet Atalanta alt nees eng kéier eng ganz staark Leeschtung gewisen. Schonn no 10 Minutten konnt Bergamo a Féierung goen wéi den Zapata de Ball aus 20 Meter an de lénksen Eck gehummert huet. Nëmme 6 Minutt méi spéit war et eng flott Kombinatioun bei där den Zapata de Ball mat engem Kontakt weider op de Pessina geleet huet an eleng virum Gol hat dëse keng Problemer fir den 2:0 ze schéissen. Neapel hat Chance dat et just mat engem 2:0 an d’Paus gaangen ass.

An der 53. Minutt huet sech Neapel dann awer nees zeréck an dëse Match gemellt. E Schoss vum Bakayoko konnt de Gollini nach ofwieren mee géint den Noschoss vum Lozano hat e keng Chance méi. Elo huet Neapel just nach 1 Gol gefeelt fir an d’Finall ze kommen vue dat den Allersmatch 0:0 ausgaange war. Nom 1:2 war et dann awer nees d’Ekipp aus Bergamo déi de Kommando iwwerholl hunn. An der 78. Minutt war et dann en exzellente Solo vum Pessina dee fir den 3:1 gesuergt huet. De jonken Italiener huet sech technesch staark am Strofraum duerchgesat an den Ospina am Gol mat engem Chip iwwerwonnen. Bei dësem Resultat ass et dann och bliwwen an domadder steet Atalanta an der Finall an trëfft do op Juventus Turin déi sech an der zweeter Halleffinall géint Inter Mailand behaapte konnten.

© AFP

Copa del Rey

FC Sevilla - FC Barcelona 2:0
1:0 Koundé (25.’), 2:0 Rakitic (85.’)

An den éischte Minutten stounge béid Ekippen gutt an der Defense an hunn net vill zougelooss. An der 12. Minutt huet de Griezmann awer e staarken Chip-Ball an de Strofraum op de Messi gespillt mee de Bono konnt mat enger staarker Parade mam Fouss den 0:1 verhënneren. No 25 Minutten hat dann awer d’Stonn vum Koundé geschloen wéi dëse mat engem Solo den Umtiti stoe gelooss huet a mat engem secke Schoss an de lénksen Eck den Ter Stegen iwwerwonnen huet.

Nom Téi huet Barcelona den Tempo ugezunn a wollt onbedéngt den Ausgläich schéissen. Ëmmer nees war et de Messi dee probéiert huet d’Solutiounen an der Attack ze fannen. Allerdéngs hu se sech schwéier gedoen gutt Chancen eraus ze spillen. 5 Minutte viru Schluss dunn awer d’Entscheedung fir Sevilla. Aus 10 Meter huet de Kroat dem Ter Stegen keng Chance gelooss.

© AFP

Coupe de France

SM Caen - PSG 0:1
0:1 Kean (49.’)

An den éischte 45 Minutten huet Caen et de Stare vu Paräis ganz schwéier gemaach sou dat de PSG net zu ville Golchance koum. Déi bescht Chance haten se an der 42. Minutt duerch den Draxler mee dem Däitschen säi Kappball war ze ongeféierlech.
Kuerz no der Paus gouf et dunn awer d’Erléisung fir Paräis. Op lénks huet de Neymar Tempo gemaach, de Ball an d’Mëtt geflankt wou de Kean aus 5 Meter den 1:0 geschoss huet. Dono sollt dann net méi vill geschéien an de PSG steet wéi erwaart an der nächster Ronn.

© AFP

Dijon - OSC Lille 0:1
0:1 Camara (15.’)

Ouni e grousst Feierwierk ofzeliwweren konnt sech den Tabellenéischten aus der Ligue 1 trotz allem souverän duerch e Gol vum Camara duerchsetzen. De Pied huet de Camara an der 15. Minutt mat engem laange Ball op d’Rees geschéckt an dëse konnt de Golkipper vun Dijon mat engem flaache Schoss iwwerwannen. No der Paus huet Lille de Ball gutt dréine gelooss an esou dat knappt Resultat bis zum Schluss verdeedegt.

Amiens - FC Metz 1:2
0:1 Leya Iseka (1.’), 1:1 Blin (53.’), 1:2 Vagner (90.+4.’, Eelefmeter)

Grenoble Foot - AS Monaco 0:1
0:1 Jovetic (36.’)

AJ Auxerre - Olympique Marseille 0:2
0:1 Benedetto (54.’), 0:2 Dieng (90.+2.’)

Back to Top
CIM LOGO