
Um Programm: Schwammen an der Seine, Vëlo a Lafe laanscht de Musée d’Orsay, de Petit a Grand Palais, d’Champs Elysée, Transitioun an Arrivée op dem Pont Alexandre III.
En plus ass et eng Manche vum Weltcup, esou dass d’Weltelite um Depart ass. Aus Lëtzebuerger Siicht konnt just d’Jeanne Lehair an d’Mixte-Staffel sech qualifizéieren.
Um Donneschdeg war d’Europameeschterin am Asaz a konnt eng Kéier méi mat enger exzellenter 11. Plaz iwwerzeegen. De Sonndeg geet d’Mixte-Staffel un den Depart.