
De Sarg vum dräimolege Weltmeeschter gouf e Méindeg an der Mëtt vum Terrain vum FC Santos opgeboort, fir deen de Pelé 18 Joer laang gespillt huet.
D’Karawann mam Pelé sengem Sarg ass moies géint 4 Auer lokaler Zäit beim Stade ukomm, wou scho Fans mat Fändele virun der Entrée gewaart hunn. 2 Stonne virdru gouf se aus dem Spidol zu Sâo Paulo, wou hien am Alter vun 82 Joer gestuerwen ass, vu Police a Pompjeeën a Richtung Santos eskortéiert. D’Karawann ass och laanscht d’Haus vum Pelé senger 100 Joer aler Mamm, déi nach ëmmer lieft, laanschtgefuer.
24 Stonne laang hunn d’Fans d’Geleeënheet, dem “Kinnek” vum Futtball Äddi ze soen. Bei der ëffentlecher Trauerzeremonie sinn och Famill a Frënn vum Pelé present.
Virun der Bäisetzung am Familljekrees gëtt de Sarg dann en Dënschdeg duerch d’Stroosse vu Santos gefouert.