FutsalFCD03 onbürokratesch zu Lonkech an den 2. Tour vun der Champions League

Franky Hippert
Den FC Déifferdeng 03 huet am Futsal e Sonndeg mat der Victoire géint Helvecia London an der Champions League Geschicht geschriwwen.
© Val Wagner

De Lëtzebuerger Champion huet sech als éischt Ekipp aus dem Grand-Duché fir d'1/16-Finalle vun der Champions League qualifizéiert. Um Terrain gouf et e souveräne 6:0-Erfolleg géint den englesche Champion Helvecia London. Déi lescht Deeg virum Match haten et awer hannert de Kulissen a sech.

FCD03 schreift Geschicht am Futsal / Rep. Franky Hippert

5 Deeg virun hirem Match kruten d’Futsalspiller vum FC Déifferdeng 03 vum Lëtzebuerger Sportsministère keng Spezial-Autorisatioun, fir an der Hal ze spillen. Dat neit Covid-Gesetz huet dat jo verbueden. Bei de Responsabele vum FCD03 hat ee gehofft ënnert de Status vun Elittesportler ze falen. Dat war awer net de Fall. Eng Léisung huet sech awer dunn op der franséischer Säit an der Géigend vu Lonkech ugedeit, de Filipe Costa Manager vun der Futsalekipp:

Do krute mer eng ganz schnell Äntwert vu Cosnes-et-Romain, wou mer d’Chance haten, e franséischen Deputéierte kennenzeléieren. Deen huet dat e Mëttwoch an 2 Stonnen an d’Rei gemaach. Et ass schéin ze gesinn, Leit ze kennen, wa se wëllen eppes, da maache se dat. Et gouf alles onbürokratesch gemaach.”

Déi Woch virum Match waren d’Spiller am Trainingslager zesummen, an hu sech souwuel um wéi nieft dem Terrain professionell preparéiert. Och d’Mesurë ronderëm de Covid goufe ganz seriö agehalen, sou datt et och kee positive Fall gouf. An der Partie géint Helvecia London hunn d’Futsalspiller vum FCD03 komplett iwwerzeegt:

“Mir hunn do vill fir de Match geschafft. Et hat och kee geduecht, datt mer 6:0 géife gewannen. Ech war awer iwwerzeegt, datt mer grouss Chancen hätten, well mer eis 6 Woche gutt preparéiert hunn.”

De Filipe Costa hofft och, datt dat eng gutt Reklamm war, fir eng Sportaart, déi an der Vergaangenheet hei am Land net ëmmer dat beschte Bild ofginn hat:

“Mir haten e puer Problemer vun externe Leit, mä elo mam Image, dee mir e Sonndeg ofginn hunn, hoffen ech, datt dat ‘fait revivre le futsal’.”

D’Futsalspiller vum FC Déifferdeng 03 stinn elo an der 1/16-Finall vun der Champions League. D’Auslousung vun deem Tour ass den 9. Dezember. Gespillt gëtt deen da Mëtt Januar a vläicht jo dann an enger Lëtzebuerger Hal.

Back to Top
CIM LOGO