
Een Dag virum Optaktmatch vun der Futtball Weltmeeschterschaft 2022 huet den Gianni Infantino zu Doha géint d’Press ausgedeelt. “Et fält mer wierklech schwéier, dës Kritik ze verstoen” esou den Infatino, well d’Kritik wier “zudéifst ongerecht”.
Datt déi westlech Welt d’Situatioun verurteelt, wier un Hand vun der eegener Geschicht net ubruecht: “Fir dat, wat mir Europäer an de leschten 3.000 Joer gemaach hunn, sollte mir eis déi nächst 3.000 Joer entschëllegen, éier mer ufänken, anere Mënsche moralesch Lektiounen ze erdeelen”. Weider géif hien net verstoen, wisou d’Fortschrëtter, déi de Katar gemaach huet, net géifen unerkannt ginn.
Weider huet hie vun “Duebelmoral” vum Weste geschwat. Well hir Betriber géife Milliarden aus dem Katar kréien, an do géif net iwwert d’Rechter vu Migrante geschwat ginn. Wann et awer ëm d’FIFA an de Futtball geet, géing ee sech ëm d’Aarbechter këmmeren.
Kritik aus dem Westen um WM-Organisateur Katar gouf et ënner anerem wéinst der schlechter Mënscherechtssituatioun, de Aarbechtskonditioune fir d’Migranten an dem Manktem u Rechter fir Fraen an de Leit, déi der “LGBTIQ+"-Communautéit ugehéieren. Den Infantino huet dëse Gruppen awer seng Ënnerstëtzung zougesot an dobäi déi, wéi hie seet, “eesäiteg Kritik” aus dem Westen als “heuchleresch” bezeechent.
“Haut fillen ech mech kataresch, haut fillen ech mech arabesch, haut fillen ech mech afrikanesch, haut fillen ech mech schwul, haut fillen ech mech behënnert, haut fillen ech mech als Gaaschtaarbechter”, esou de Schwäizer. Jiddereen, ob Fra oder Mann, wier häerzlech Wëllkomm: “Wann een eppes aneres seet, ass dat net d’Haltung vum Land an net d’Haltung vun der FIFA”.
Katar steet zanter Jore bei Mënscherechtsorganisatioune wéi Amnesty International an der Kritik wéinst reegelméissege Verstéiss géint Mënscherechter a schlechte Liewensbedingunge vun auslänneschen Aarbechter.
Zu der relativ spéider Annonce, datt an de Stadie keen Alkohol duerf consomméiert ginn - an der Kritik doru vu ville Fans, sot de President vum Weltfuttballverband, hie wier perséinlech der Meenung, datt ee kéint iwwerliewe wann een 3 Stonnen den Dag kee Béier kéint drénken.